Ära Wilmes - en Niefteneen an der Kontinuitéit oder en innovatiivt Mateneen?
Déi 21. Generalversammlung vun der Jeeërfederatioun e Sonndeg zu Käerjeng huet den neie Minister mat enger däitlecher Skepsis empfaangen.
De Serge Wilmes géif, wat d'Juegd ugeet, op enger éischter grénger Schinn bleiwen, sou d'Impressioun vun de Jeeër, wat fir si en "Net-Viru-Kommen" a wichtegen Dossiere bedeit. Deemno goufen et an der Ried vum Federatiounspresident och eng sëllege konkreet Reprochen a Fuerderungen un d'Adress vun der neier Regierung an der zoustänneger Naturverwaltung.
Den neie Minister hëlt de Kritiker de Wand aus de Seegelen
Ëmmer nees géife si vun de politeschen Autoritéite wéi Loft behandelt, obschonns si fir d'Natur an hire Schutz géifen agéieren. Joer an Dag géifen an der Juegdthematik déi selwecht Punkten ugesprach, ouni dass d'Situatioun sech zu hire Gonschte verännert hätt. Déi éischt ëffentlech Konfrontatioun tëscht neiem Minister a President vun der Jeeërfederatioun blouf fein, mee bestëmmt an huet de Kritiker de Wand aus de Seegele geholl: de Serge Wilmes bekennt sech am Numm vun der Regierung zur Juegd a versprécht eng Zesummenaarbecht am Respekt vum Wëssen an der Erfarung vun de Jeeër. Dobäi soll et net just bei Wierder bleiwen, mee d'Decisioune missten och a Musek ëmgesat ginn – confirméiere béid Säiten.
Eng Zort Juegd-Assisen am Hierscht
Fir fréistens elo nach virun der Summervakanz, awer spéitstens am Ufank vum Hierscht wéilt d'Regierung dëse Rendez-vous mat hinnen an all den Acteuren, déi vun der Juegd concernéiert sinn, organiséieren. Keng Tabuen, wat d'Themen ugeet, an do géif et och keng Aschränkunge fir d'Jeeër als d'Partner am Natur- a Bëschschutz.
Fir seng ëffentlech Première am Dialog mat de Jeeër weist den neien Ëmweltminister Wilmes sech kompromëssbereet, grad ewéi d'Vertrieder vun der Federatioun, déi allerdéngs, wat d'Falejuegd op d'Wëllschwäin ugeet, net mat sech schwätze loossen. De Jo Studer, President vun der Jeeërfederatioun, huet an deem Dossier eng verbindlech Ausso vun der Politik gefrot – a krut déi och.
Keng landeswäit Falejuegd op Wëllschwäin
"Dës Regierung wäert d'Falen net als Juegdmethod an d'Juegdrecht ophuelen, dat ass eng ganz kloer Ausso, zu där mer och stinn". Keng landeswäit Falejuegd op Wëllschwäin – esou loosse sech dës Wierder vum Serge Wilmes iwwersetzen – oder net. Op d'Remark vum President vun der Federatioun an der Verwaltung géif deen een oder aneren awer hannert dëser Method stoen, goung de Minister net an.
Sachlech, konstruktiv a partnerschaftlech soll d'Zesummenaarbecht an Zukunft lafen, sou d'Virstellung vum Serge Wilmes. Béid Acteuren hu sech op der Generalversammlung vun der FSHCL zu Käerjeng eng gutt Zesummenaarbecht versprach, se wëlle vun elo un, net just schwätzen, mee d'Decisiounen och a Musek ëmsetzen.
Eng nei Ära an der Relatioun Jeeër a Politik ?
Mam neien Ëmweltminister huet also, mat dësem Optrëtt, theoretesch emol, eng nei Ära an der Relatioun Jeeër a Politik, ugefaangen. Op der Generalversammlung vun der Jeeërfederatioun zu Käerjeng huet de Serge Wilmes präziséiert, dass d'Regierung hannert der Juegd stéing an d'Aarbecht vum Jeeër am Beräich vum Naturschutz ze schätze wéisst.
Op déi sëllege Froe vum Federatiounspresident wéilt hien, wéi gesot, op enger Zort Juegd-Assisen am Hierscht, zesumme mat de Jeeër Äntwerte fannen, sou den neie Minister, deen esouwuel mat der Naturverwaltung, wéi mat der Jeeërfederatioun wëllt usetze goen.
De Jo Studer huet eng Partie Proposen am Sënn vum Naturschutz gemaach, z.B. dat konsequent Planze vun Hecken, kritiséiert awer, dass si finanziell vum Staat net genuch gehollef kréichen. Et dierft een och net vergiessen, dass mir dem Wëld ëmmer méi Liewensraum ewechhuelen, an dass de Mënsch d'Natur net méi richteg ze schätze wéisst. Eng Iwwerzeegungsaarbecht, déi scho bei de Kanner géing ufänken.
De President vun der Jeeërfederatioun kritiséiert d'Falen, déi d'Naturverwaltung laanscht d'Atert opgeriicht huet.
D'Naturverwaltung kritt hiert eegent Juegd-Departement "Faune sauvage et chasse"
An Zukunft këmmert an der Naturverwaltung erëm en eegestännege Service sech ëm d'Juegd, erkläert hiren neien Direkter Michel Leytem. Bei de Fale géing et sech laanscht d'Atert oder d'Our net ëm Fale-Juegd, mee ëm Fale-Fang handelen. Domadder géing ee virun allem géint invasiv Aarte virgoen, wéi z.B. d'Bisamraten, déi och ekologesche Schued maachen, präziséiert den anf-Direkter. Als Verwaltung wier een net géint, mee fir d'Juegd.