E Mëttwoch huet d'Schouljoer 2025/26 zu Lëtzebuerg definitiv nees ugefaangen.

No de Grondschüler an deenen, déi hiert éischt Joer am Lycée ugefaangen hunn, ass nämlech d'Rentrée vun deene méi héije Lycéesklassen. Ronn 54.600 Lycéesschüler si fir dëst Schouljoer ageschriwwen. Knapp 2.150 sinn et der eleng am Lyçée technique du Centre um Lampertsbiërg, deen domat den zueleméisseg gréissten am Land ass.