Iwwerschwemmungen am Val de Hamm a Waardelëschte fir d'Foyeren

© Annick Goerens / RTL
Um City Breakfast vun der Stad Lëtzebuerg ass et e Mëttwoch ëm d'Iwwerschwemmungen an d'Kannerbetreiung gaangen.
D'Iwwerschwemmungen de leschte Méindeg ware vill manner schlëmm wéi déi 2021. Deemools war d'Uelzecht op iwwer 4.44 Meter geklommen, dës Kéier war ee bei 2.77 Meter. Dat huet d'Stater Buergermeeschtesch e Mëttwoch de Moien um City Breakfast präziséiert. D'Lydie Polfer huet awer och ënnerstrach, datt am Val de Hamm trotzdeem ganz vill Schued entstanen ass. Do misst een onbedéngt eng Léisung mat de Leit fannen, déi do wunnen:
"Dat hate mer hinne scho puer Mol proposéiert. Bis elo hu mer keen Accord fonnt, mee ech mengen dës Kéier fanne mer een. All aner Moyenen, och en Opfangbecken uewendriwwer wier mat deene Massen u Reen net duergaangen. An dat kann ee kengem zoumudden."
D'Stad Lëtzebuerg kënnt iwwerdeems déi Saachen, déi duerch d'Iwwerschwemmungen zu Schued komm sinn, gratis sichen.
En anere Sujet um City Breakfast war d'Rentrée. An deem Kontext huet d'Lydie Polfer betount, datt d'Waardelëschte fir d'Foyeren an der Stad Lëtzebuerg eng Suerg bleiwen. Aktuell si 673 Kanner op enger Liste d'attente:
"Eisen Haaptproblem ass de Rekrutement vun de Leit. Et gi jo präzis Zuelen, wéi vill Leit ee pro Foyer muss hunn a wéi eng Formatioun déi och mussen hunn."
De Moment géife 480 Leit un edukativem Personal an de Foyere vun der Stad Lëtzebuerg schaffen. Et géif een alles maachen, fir déi Waardelëschten ofzebauen, mee et wier net evident, sou nach d'Stater Buergermeeschtesch.
Iwwerdeems war et e Mëttwochmoien d'Nouvelle, datt den 9. Oktober e weidere Kaffi mat der Police ass. Dat vu 16 bis 18 Auer am Restaurant "Madame Jeanette" an der Stroossbuerger Strooss.