E Mëttwoch goung et an der Chamber ëm d'Fro, wéi d'Uni Lëtzebuerg am Beräich vun der Fuerschung opgestallt ass.

Eng extern Evaluatioun, déi vun "Technopolis" gemaach gouf, hat sech mat där Fro beschäftegt a sech dofir d'Joren 2018 bis 2023 ugekuckt. D'Resultat dovu gouf an der Kommissioun fir Héichschoul, Fuerschung an Digitalisatioun virgestallt. Am Resumé gëtt d'Uni als relativ performant duergestallt a wouergeholl, et ginn awer och eng Partie Recommandatioune gemaach, fir datt se sech verbessere kann.

D'Uni Lëtzebuerg ass an der Fuerschung gutt opgestallt, ma et gëtt Loft no uewen / D. Rasqué

De Gros dovunner ass fir d'Uni, dat heescht, et ass un hir, déi ëmzesetzen. Eng Recommandatioun huet sech awer och déi liberal Ministesch fir Héichschoul, Fuerschung an Digitaliséierung, d'Stéphanie Obertin an d'Aufgabebichelche geschriwwen: "Vun eiser Säit, fir de Ministère, war virun allem d'Recommandatioun, d'Autonomie vun der Uni Lëtzebuerg ze stäerken. Do sti mir natierlech hannendru a mir respektéieren dat och."

Fir de Pirat Sven Clement ass déi éischt Recommandatioun, déi d'Uni misst ëmsetzen, eng an där et ëm Aarbechtskontrakter geet, déi zäitlech limitéiert sinn. Et misst een attraktiv bleiwen respektiv ginn:

"Dat heescht, datt mer de Fuerscherinnen a Fuerscher mussen e perfekt Aarbechtsëmfeld bidden an dozou gehéiert nu mol och, datt se hiert Liewe kënne plangen. Grad an engem Land, dat esou deier ass wéi Lëtzebuerg, w¨2ll een net all zwee Joer zidderen, ob een an enger Woch nach en Aarbechtskontrakt huet oder net. Eng längerfristeg Plangbarkeet sollte mer op alle Fall fir déi Fuerscherinnen a Fuerscher déi et wëllen, offréieren."

"Technopolis" betount, datt et op der Uni Lëtzebuerg keng Kultur vun Diskriminatioun tëschent Mann a Fra gëtt, mä der Entreprise, déi d'Evaluatioun gemaach huet, fält awer op, datt et manner Fraen a Schlësselpositioune gëtt, an datt et der Uni och nach net gelongen ass d'Geschlechterdominanz a verschiddene Beräicher opzeléisen. Dat ass eng Recommandatioun, déi dem LSAP-Deputéierte Ben Polidori wichteg ass. Hien huet och e Beispill, dat den Deputéierte genannt gouf:

"An der Informatik, wou haut éischter ganz vill Männer sech fir deen Themeberäich intresséieren, dass mer do kucken, ob mer eventuell och méi Fraen an dee Beräich kréien. An anere Beräicher si vläicht méi Fraen aktiv, vläicht kréie mer do och méi Männer begeeschtert. Dat war op alle Fall eppes, wat mer haut aus där ganzer Evaluatioun héieren hunn. Dat ass Mol eng Kéier och fir eis als Politik wichteg ze gesinn, op wat mer eis kéinte konzentréieren an der Fuerschung, mä och scho virdrun an der Bildung a kucken, wéi eng Weeër mer do kéinten opmaachen."

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig ka sech dëse Wieder net uschléissen:

"Dat eenzegt, wat mir net gefält ass, datt se ëmmer méi probéieren, Gender-Equality ze maachen. Dat heescht si probéieren all Departement genee d'selwecht Männer wéi Fraen ze hunn, an dat ass menger Meenung no total kontraproduktiv. Et soll een all Bewerber kucken, wat fir Kompetenzen, datt se hunn, mä mir hunn elo schonn zwee Scolarshipen a Grants, wou da Männer zum Beispill sech net méi kënne bewerben. Dat ass fir mech kloer diskriminéierend."

Den Tom Weidig mengt domadder zum Beispill den Anne-Beffort-Programm op der Uni. D'Anne Beffort war déi éischt Fra hei am Land, déi 1909 en Doktertitel gemaach huet an et geet bei där Initiativ grad drëms, jonk Fraen ze fërderen, fir méi Gläichheet tëschent Fra a Mann ze kréien.