Laptoppen an en iPad geklaut
D'Police mellt eng Partie Abréch a Gefierer

© RTL Archiv
En Dënschdegowend gouf nees op e puer Plazen uechter d'Land a Gefierer agebrach.
Esou ënner anerem um Boulevard Pierre Dupong an der Stad. Hei hunn Onbekannter ënner anerem en iPad an e Laptop matgoe gelooss.
Iwwerdeems hate Brigangen eng Scheif vun engem Gefier an der Rue Saint-Quirin ageschloen. Hei gouf e Rucksak geklaut, an deem e Laptop war.
D'Police huet a béide Fäll eng Enquête an d'Weeër geleet.
Am meeschte gelies