An der Nuecht op e Mëttwoch krut d'Police eng Kläpperei tëscht e puer Persounen an der Kanalstrooss zu Esch-Uelzecht gemellt.

Doropshi sinn e puer Patrulle vun der Police op d'Plaz gefuer. Éischten Informatiounen no krute véier Männer sech an d'Hoer. Zwee vun hinnen hu Stéchwonnen dovugedroen. Si goufen op der Plaz versuergt. Et huet keng Liewensgefor bestanen. Et gouf e Protokoll vum Tëschefall erstallt.