Ministère mellt liichte Réckgang bei Demandë fir international Protektioun

© Photo by HORST GALUSCHKA / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Den Inneministère huet e Mëttwoch déi neisten Zuelen zu Demandë fir international an temporär Protektioun zu Lëtzebuerg erausginn.
Am August 2025 gouf et souwuel bei den Demandë fir international wéi och bei deene fir temporär Protektioun e klenge Réckgang.
Am August hunn 130 Persounen eng Demande fir international Protektioun eragereecht – dat sinn der liicht manner, wéi nach am Juli (149). Déi meeschten Demandë koumen aus Eritrea (24), Afghanistan stoung un zweeter Stell (16), Syrien un drëtter Stell (13).
Eritrea ass domadder mat 17,1 Prozent weider dat Land mat dem gréissten Undeel un Demanden.
61 vun den 130 Demandë goufen iwwerdeems accordéiert.
Bei der temporärer Protektioun sinn am August 78 nei Demanden agereecht ginn, 75 dovu waren aus der Ukrain. Zanter Januar 2025 ass d'Gesamtzuel vun dësen Ufroen op 662 geklommen, dovunner bal 90 Prozent vun ukrainesche Staatsbierger.
Insgesamt 578 Demandë goufen 2025 guttgeheescht.