Wéi geet et mat de Primmen zu Lëtzebuerg weider?
Nach bis den 1. Juli kann ee mat 62,5 Prozent Ënnerstëtzung vum Staat rechnen, wann ee Solarpanel installéiere léisst.
Zanter dem Ufank vum Joer produzéiert d’Entreprise Socom Solarpanel zu Hollerech. D’Virdeeler fir eng Produktioun am Grand-Duché wieren d’Sécherheet vun der Produktioun, kuerz Weeër an d’Qualitéit, erkläert de President vu Socom, de Marc Thein, deen och President vun der Fédération génie technique vum Handwierksverband ass.
De Moment ass et esou, dass Photovoltaikanlage bei Autoconsommatioun zu 62,5 Prozent vum Staat subsidéiert ginn. Doriwwer eraus gëtt och nach bal all Gemeng am Land eppes Klenges bäi. D’Ënnerscheeder sinn hei awer grouss. Bei deenen engen ass et e Forfait, anerer ginn e Prozentsaz bäi, soudatt iwwer 90 Prozent vun de Käschte subsidéiert ginn*. Den éischte Juli lafen d’Aiden an Héischt vun 12,5 Prozent, déi am Tripartite-Accord decidéiert goufen, awer aus.
"Richteg Informatiounen, wéi et wäert weider goen hu mer nach keng", seet de Marc Thein. All Commande, déi bis den 30. Juni ënnerschriwwe wier, géing awer nach consideréiert ginn. Dono hätt d’Entreprise nach bis Enn 2025 Zäit d’Solarpanel ze montéieren an a Betrib ze huelen. "Mir hunn Informatiounen, wéi wann d’Aidë vun 12,5 Prozent déi am Tripartite-Accord decidéiert goufen, ewech falen", seet de Marc Thein. Dëst hätt dann zur Konsequenz, dass de Staat nach just 50 Prozent bäigëtt. D’Aidë vun de Gemenge lafen dann awer nach weider. Ma och hei ginn et méiglecherweis Delaien.
Bei Wäermepompele gëllt dann en anere Prinzip an aner Delaien. Bei deene mat Aerothermie wéi och bei deene mat Geothermie kritt een als Basissubside vum Staat ronn 12.000 Euro. Dobäi kommen nach verschidde Bonussen, also déi ee kritt, wann ee verschidde Krittären anhält, esou datt dës Primm bis op maximal 18.000 Euro kann eropgoen*. Dës Aidë lafen nach bis den 31. Dezember dëst Joer. "Wat dono passéiert, wësse mer net", betount de Marc Thill. D’Leit solle sech bei Interessi un enger Wäermepompel awer onbedéngt berode loossen, sou de President vun der Federation génie technique vum Handwierksverband. Dat bei der Klima-Agence, der Chambre des Métiers oder der Fédération génie technique vun der Fédération des Artisans.
Well d’Installatioun vu Solarpanel dacks vill Sue kascht, gëtt ëmmer nees och iwwert en Tiers payant nogeduecht. "Den Tiers payant ass natierlech eng ganz flott Saach. Et ass just, wéi soll een en ofwéckelen", gëtt de Marc Thill ze bedenken. D’Keese vun de Betriber belaaschten nom Prinzip, wéi haut de Portmonnie vun all individueller Persoun belaascht gëtt, wier schwiereg, well et dauert, bis d’Suen zréck kommen. Och iwwer Steieravancen ofzerechnen, wier net einfach, well net all Betrib an de Krisejore Benefice gemaach hätt. De Marc Thill geet awer dovunner aus, dass d’Regierung amgaange wier, dorunner ze schaffe fir eng Léisung ze fannen.
*Vum Ëmweltministère krute mer verschidde méi detailléiert Zuelen.