"Et sollte méi Autopsien zu Lëtzebuerg gemaach ginn"

De Beruff vum Rechtsmedezinner kennen déi meescht virop aus Kino a Fernsee. Am Sonndesinterview kréie mer en Abléck an hir Aarbecht zu Lëtzebuerg.
Den Autopsie-Raum am Rez-de-chaussée vum LNS ass geraimeg. Zwou bis dräi Obduktiounen d’Woch ginn hei an der Moyenne gemaach. An der Mëtt vum Raum zwee Sezéierdëscher aus Inox. Vis-à-vis eng grouss Fënster mat Vue op en zouenen Haff. Laanscht d'Säit Aarbechtsplacke mat integréierte Lavaboen, Schief a Regaler mat den Instrumenter. Alles am Inox, versteet sech. Schéiere, Messeren a Pincettë vu verschiddene Gréissten a Formen. En Hummer läit dobäi. Dem Thorsten Schwark säin Aarbechtsgeschier.
D'forensesch Pathologie ass dee Volet vu senger Aarbecht, deen dem Rechtsmedezinner am meeschte Spaass mécht. Bedréckend fënnt hien et net, sech am Alldag mat Läichen an der Ursaach vun hirem Dout ze beschäftegen.
"Es ist eher spannend. Sie arbeiten an dem Verstorbenen, Sie versuchen hier zu rekonstruieren, was passiert ist. Das ist manchmal eine sehr genaue und sehr fummelige Arbeit, die man machen muss", seet den Däitschen, deen zanter 2017 hei zu Diddeleng am Staatslabo schafft. "Man sieht dann gar nicht mehr so den Verstorbenen als Leiche, sondern man sieht eher die Befunde. Es ist sehr spannend, daraus dann die Schlüsse zu ziehen."
60-70% vu senger Zäit verbréngt de Responsabele vum Departement fir forensesch Medezin awer hannert dem Schreifdësch. Heiansdo muss hien och seng Conclusioune viru Geriicht presentéieren. Optrëtter, déi dem Thorsten Schwark gefalen:
"Sie müssen gut vorbereitet sein. Sie müssen streitbar sein. Sie müssen reden können, Sie dürfen sich nicht ins Boxhorn jagen lassen von der einen oder anderen Seite."
Éischter seelen um Tatort
Zu véier Rechtsmedezinner schaffe se am Staatslabo am Departement fir forensesch Medezin. 7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24 ass ee vun der Ekipp am Bereetschaftsdéngscht. Fir de Fall, datt d'Geriicht op en Tatort rifft. Wat seele virkéim, seet den Thorsten Schwark. All ee bis zwee Méint. Da wa bei engem Doutschlag d'Ëmstänn net kloer sinn oder den Zäitpunkt vum Doud muss geschat ginn.
Am anere Fall gëtt d'Läich an de Staatslabo bruecht, wou d'Autopsie normalerweis den Deeg duerno gemaach gëtt. Dräi Leit sinn dann am Asaz. Zwee Rechtsmedezinner, vun deenen een d'Féierung iwwerhëlt, an ee Preparateur. D'Obduktioun dauert an der Moyenne tëscht zwou a véier Stonnen, jee nodeem a wéi engem Zoustand d'Läich ass. Seng längst Autopsie hätt iwwer 8 Stonne gedauert, erënnert sech den Thorsten Schwark. Déi Verstuerwen hat 66 Messerstéch.
Et kënnt och vir, datt d'Rechtsmedezinner spéider op de versigelten Tatort geruff ginn.
"Wir machen dann zum Beispiel eine Blutspurenmusterverteilungsanalyse. Das kann sinnvoll sein, wenn da hinsichtlich der Tatrekonstruktion noch Fragen offen sind.”
Net genuch Obduktiounen zu Lëtzebuerg
D'Autopsien am Staatslabo ginn exklusiv op Uerder vum Geriicht gemaach. Zejoert waren et der 141, op 4.431 Doudesfäll. Domadder läit den Taux vun Obduktiounen zu Lëtzebuerg bei 3,1%. Dat wär scho méi héich, wéi nach virun e puer Joer, awer nach ëmmer ze niddreg, betount de Chef vun der Forensik a schmunzelt, warscheinlech géif all Rechtsmedezinner behaapten, datt méi Autopsië misste gemaach ginn. Mee mat Bléck op déi europäesch Moyenne, wou den Taux tëscht 2 a 5% vun den Doudesfäll léich, wär zu Lëtzebuerg nach Sputt no uewen.
Firwat ginn net méi Obduktiounen am Grand-Duché gemaach? Den Thorsten Schwark nennt zwee Grënn. Engersäits den Doudeschäin. Dee Lëtzebuergesche wär ze komplizéiert opgestallt. Dofir ginn am Expert sengen Ae vill Doudeschäiner vum zoustännegen Dokter op der Plaz falsch ausgefëllt. Esou, datt sech d'Fro no enger geriichtlecher Autopsie da guer net stellt.
Zweetens wéissten d'Dokteren net ëmmer wourop se bei Läiche missten oppassen. An der Ausbildung géif een dat zwar léieren, mee déi wär bei ville Medezinner scho laang hir, an déi meescht vun hinne wären och net oft mat Läiche konfrontéiert.
An der Vergaangenheet hunn d'Geriichtsmedezinner aus dem LNS scho Formatioune mat den Urgentistë gemaach. Si si jo dacks als éischt op der Plaz. Am Studiegang fir d'Generalisten op der Uni Lëtzebuerg gëtt den Thorsten Schwark och Coursen iwwer d'Feststelle vum Doud an d'Klassifikatioun. Fir déi sëllegen etabléiert Generalisten hätt een nach keng Formatioune gehalen. Do wär nach Handlungsbedarf. Mee dat géif och vill Zäit a Personal kaschten.
Rechtsmedezinner fuerderen zweet Läicheschau virun Anäscherung
Dobäi ass et am Thorsten Schwark sengen Aen derwäert no de prezisen Doudesursaachen ze sichen. De Rechtsmedezinner berifft sech op eng däitsch Etüd vun der Uni Münster aus den 90er Joren. Do huet sech erausgestallt, datt all zweeten Doutschlag onentdeckt bleift. Op Lëtzebuerg gekuckt: bei 7 vun den 141 Autopsien zejoert am Staatslabo, huet et sech ëm Mord oder Doutschlag gehandelt.
Aus rechtsmedezinescher Siicht stellt d'Anäscherung an deem Kontext e gréissere Problem duer. Kann ee Verstuerwener, déi begruewe goufen, spéider nach exhuméieren an obduzéierten, ass dat no enger Anäscherung net de Fall. Dofir plaidéieren d'Rechtsmedezinner zanter Jore fir eng zweet "Läicheschau" duerch e Spezialist, ier e Verstuerwene verbrannt gëtt. De politesche Wëlle wier och do, mengt den Thorsten Schwark. Mee d'Ministèrë vu Justiz a Santé hätten och aner Saachen ze dinn.
"Und bei Leichen hat man meistens das Problem, dass sie nicht die höchste Priorität sind."
Och bei Suicidë sollte méi dacks Obduktioune gemaach ginn. Engersäits fir sécher ze goen, datt et sech wierklech ëm e Suicide handelt. Anerersäits kéint dat der Famill spéider hëllefen. An der akuter Situatioun wiere si dacks iwwerfuerdert an net onbedéngt der Meenung, datt eng Autopsie néideg wier. Spéider awer kéinte se dat bereien.
Plëtzlech Doudesfäll bei jonke Mënschen ëmmer suspekt
Bei jonke Mënsche si plëtzlech Doudesfäll ëmmer suspekt, ënnersträicht de Chef vun der Rechtsmedezin vum LNS. Mee wat "jonk" bedeit, géif och ëmmer vum Alter vun der Persoun ofhänken, déi d'Aschätzung mécht.
Och beim plëtzleche Kandsdoud plaidéiert den Thorsten Schwark fir méi Autopsien. Dës géifen haut just gemaach ginn, wann den Dokter bei der "Läicheschau" en Zweiwel hätt. Dobäi kéint d'Diagnos vum plëtzleche Kandsdoud just unhand vun enger Obduktioun an aneren Ënnersichunge gestallt ginn. Nodeem all aner Ursaachen, beispillsweis e Schütteltrauma, konnten ausgeschloss ginn.
"Meiner persönlichen Erfahrung nach, ist es auch so, dass wir bei diesen Kindern, die als Verdacht auf plötzlichen Kindstod zur Obduktion kommen, immer mal wieder auch Tötungsdelikte feststellen."
Bei 3-5% vun den Autopsië vu Puppelcher, déi hien a senger Karriär gemaach hätt, wär dat de Fall gewiescht.
"Das sind keine Einzelfälle, wo das passiert", ënnersträicht de Rechtsmedezinner.
Dem Thorsten Schwark no misst all Persoun ënner 18 Joer, déi plëtzlech stierft a wou keng wesentlech Virerkrankung bekannt ass, obduzéiert ginn.
Haut onvirstellbar, als Spidolsdokter ze schaffen
Eigentlech wollt den Thorsten Schwark Chirurg ginn. D'Gefäss-Chirurgie hätt hien interesséiert. Duerch seng Dokteraarbecht ass hien an d'Rechtsmedezin komm, huet do seng Fra kennegeléiert an ass hänke bliwwen. Retrospektiv eng gutt Decisioun, fënnt de Mann.
D'Aarbecht vum Rechtsmedezinner ass interdisziplinär. Am Fachberäich vun der Medezin. Awer och wat Zesummenaarbecht mat Police, Justiz, Assistants sociaux oder nach mam Ministère fir d'Gläichheet vun de Genren, wat haislech Gewalt ugeet. Et ass dës Villfalt, déi den Thorsten Schwark net méi mësse wéilt.
Op 22 Joer Karriär kuckt de Rechtsmedezinner elo zeréck, déi meescht dovunner an Däitschland. An engem Spidol schaffen, dat kann hie sech haut net méi virstellen. Woubäi déi allermeescht Medezin studéieren, fir Patienten ze heelen a Liewen ze retten. Grad dat wier awer och heiansdo schwéier, gëtt den Dokter ze bedenken. Leit mat ganz schwéiere Krankheetsbiller begleeden, besonnesch Kanner. D'Leed vum Patient an der Famill, mat deenen een iwwer Méint eng Relatioun opbaut a wou et fir eenzeler heiansdo awer schlecht ausgeet.
"In der Medizin sehen Sie so viele bedrückende Dinge, dass ich hier als Rechtsmediziner eigentlich sagen muss: ich bin froh, dass ich das nicht tun muss. Ich sehe hier Verstorbene, zu denen habe ich in der Regel keine persönliche Beziehung."
Vereenzelt schwéier Erliefnisser sinn hänke bliwwen
Woubäi den Thorsten Schwark och vereenzelt schwéier Situatiounen an der Rechtsmedezin hat. Am déifste sëtzt eng Erënnerung aus dem Joer 2007. Hie war an Norddäitschland op en Tatort geruff ginn. Eng Mamm hat hir 5 Kanner tëscht dräi an néng Joer ëmbruecht a se am Keller opgestallt.
"Das ist grausam. Wenn Sie an Tatorte kommen, also in das persönlichste Umfeld der betroffenen Person, dann ist das schon manchmal schwierig. Dann schüttelt man das nicht so ab."
En anere Virfall, deen de Rechtsmedezinner matgeholl hat, war an Éisträich no engem Verkéiersaccident. Wéi d'Elteren an d'Schwëster den eegene Bouf a Brudder hu mussen identifizéieren an dobäi zesummegebrach wieren. Glécklecherweis hätt säi ganz erfuerene Preparateur d'Situatioun an d'Hand geholl.
"Weil mir das emotional zu viel war. Ich dachte, ich bin das nicht gewohnt, Angehörigengespräche in so einem Kontext zu machen."
Eng aner Wäertschätzung vum Liewen
Dagan dagaus ass den Thorsten Schwark berufflech mam Doud befaasst. En Thema, dat fréier vill méi present an der Gesellschaft war. Schonn eleng, well déi Verstuerwe virum Begriefnis doheem opgeboort goufen. Deemools wär et normal gewiescht, datt den Doud Deel vum Liewe war. Haut wär dat méi tabuiséiert, bedauert de Rechtsmedezinner. "Und das sollte in der Gesellschaft nicht zu sehr an den Rand geschoben werden", gëtt hien ze bedenken. Dat hätt och an der Medezin Implikatiounen, zum Beispill fir d'Organspend. Mat der Fro, ob ee wéilt Spender sinn oder net, sollten d'Leit sech scho befaassen. Dat géing awer just, wann ee sech mam Doud beschäftege géif.
Duerch seng alldeeglech Konfrontatioun mam Doud, krut den Thorsten Schwark eng aner Vue op d'Liewen.
"Ich glaube man hat eine andere Wertschätzung des Lebens, man ist sich seiner eigenen Vergänglichkeit bewusster."
Dat hätt hien och vun anere Rechtsmedezinner an Urgentisten héieren. Vläicht well dës Beruffsgruppen ëmmer nees mat Situatioune konfrontéiert wieren, wou Mënschen an der Bléi vum Liewe stierwen. Duerch intern oder extern Ursaachen.
"Sie können in fast jedem Fall, den wir hier sehen, sagen: zwei oder drei Minuten bevor die Person verstorben ist, hat sie noch nicht damit gerechnet, dass sie am Ende wenig später tot ist".