De Raphaël Liègeois ass Astronaut bei der Europäescher Weltraumorganisatioun. 2026 flitt hien op d'ISS.

Virun iwwer engem Joer huet de 34 Joer ale Belsch, deen och d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet, d'Astronauten-Ausbildung vun der ESA zu Köln ugefaangen. Am Hierscht 2026 flitt hien an de Weltraum op d'International Raumstatioun. Am Interview erzielt hie vun der Ausbildung, déi nawell ustrengend ass, mee och iwwert seng Wuerzele mat Lëtzebuerg.

Dramberuff schonn als Kand 

Fir de Raphaël Liègeois gouf et eng ganz Partie Grënn Astronaut ze ginn. Haut nach erënnert hie sech drun, wéi hien am Alter vu 4-5 Joer verfollegt huet, wéi den deemolegen Astronaut Dirk Frimout an de Weltraum geflunn ass. Ma eng wichteg Roll huet awer och e fiktive Personnage gespillt.

"Ech hu vill Tintin gelies. Den Tintin um Mound, den Tintin am Weltraum an natierlech och déi aner Bicher. Dat huet mech zum dreeme bruecht." 

Haut ass de Raphaël Liègeois spezialiséiert op Biomedezin an Neurowëssenschaften, huet d'Basisausbildung als Astronaut bei der Europäescher Weltraumorganisatioun zu Köln ofgeschloss an ass viru kuerzem op Houston an d'USA geplënnert, wou hien elo eng spezialiséiert Ausbildung mécht, fir sech op säin éischte Fluch op déi international Weltraumstatioun virzebereeden.

Zu Houston trainéieren d'Astronauten an enger enormer Piscine, wou eng Nobildung vun der ISS installéiert ass. Hei bereet de Raphaël Liègeois sech op Missiounen u Bord vir, mee och de Weltraumspadséiergang ausserhalb vun der ISS an den Ëmgang an engem Ëmfeld ouni Schwéierkraaft ginn hei trainéiert.

Keng Zäit fir Pausen 

D'Astronauten-Ausbildung verlaangt engem villes of, wéi de Raphaël Liègeois am Gespréich erzielt. Déi gréissten Erausfuerderung wier et momentan den Tempo ze halen.

"Den Training iwwert dat ganzt lescht Joer war ermiddend. Direkt no Köln sinn ech op Houston geflunn an hei gouf et keng Paus. Mir hu vum éischten Dag u mam Training ugefaangen. Et ass genial, mee och intensiv."

RTL

© ESA

Voll an der Spezialiséierung dra wier keng Zäit fir Pausen a lues a lues géif d'Vitess och unzéien.

"Mir hunn elo en Datum, wéini et lassgeet. Deen Dag muss ech prett sinn."

Den Astronaut wäert am Hierscht 2026 op d'ISS fléien a fir 6 Méint op der internationaler Weltraumstatioun bleiwen. Ma och wann hien ënnert dem belsche Fändel an de Weltraum flitt, ass d'Missioun och net onwichteg fir Lëtzebuerg.

Belsch, mat Lëtzebuerger Wuerzelen 

De 34 Joer alen Astronaut ass an der Province de Luxembourg an der Belsch opgewuess. Seng Eltere liewen a schaffen haut zu Déifferdeng, an dem Raphaël Liègeois seng Bom huet Lëtzebuergesch geschwat.

"Ech ka mech drun erënnere wéi si mir Lidder op Lëtzebuergesch virgesongen huet." 

Nieft senge perséinleche Wuerzelen zu Lëtzebuerg, ass hien awer och immens begeeschtert dovunner wéi vill Lëtzebuerg an d'Raumfaart investéiert.

"Nieft de gréissere Firme ginn et och eng ganz Partie Start ups, déi sech fir de Weltraum begeeschteren an an d'Fuerschung an d'Entwécklung investéieren. Et mierkt een, dass Lëtzebuerg fréi gemierkt huet, wéi wichteg dësen Domaine ass."

Am Hierscht 2026, wann alles leeft wéi et geplangt ass, wäert de Lëtzebuerger Fändel d'Rees an de Weltraum untrieden. De Raphaël Liègeois ass nämlech iwwerzeegt dovunner dëse mat op d'ISS ze huelen.