Dat entspriechend Finanzéierungsgesetz gouf en Donneschdeg de Moien an der Chamber gestëmmt.

2018 sinn d’Diere vum Lycée opgaangen, mat enger Capacitéit fir 800 Schüler. Zanter 2020 wier een awer un de Grenzen ukomm, huet de Rapporter Fernand Etgen betount. An Zukunft sollen zousätzlech 780 Schüler kënnen an de Lycée Edward Steichen zu Klierf goen, woumat am ganzen da ronn 1.600 Schüler a Schülerinne vun der schoulescher Offer zu Klierf kënne profitéieren. Nieft engem neie Gebai, bei deem den Daach begréngt a Photovoltaik-Anlagen installéiert solle ginn, sinn zum Beispill och eng Vëlospist, eng Vergréisserung vum Parking an zousätzlech Bus-Quaie geplangt.