An der Chamber
Michel Lemaire gouf als neien ADR-Deputéierte vereedegt
De Michel Lemaire vun der ADR, dee fir de Jeff Engelen iwwerhëlt, gouf en Donneschdeg de Moien offiziell an der Chamber vereedegt.
"Gerechtegkeet, Meenungsfräiheet an Aarmutsbekämpfung wäerten d'Prioritéite vu mengem politeschen Agenda sinn", huet de Michel Lemaire bei senger Vereedegung betount.
Den neien Deputéierten huet awer och betount, sech wëlle fir den Norde staark ze maachen, wou et leider nach ëmmer Defiziter géife ginn. Dozou géifen d’Zentraliséierung, d’Stäerkung vun der Gesondheetsversuergung an de gudde Fonctionnement vun der Landwirtschaft gehéieren.
Am meeschte gelies