D’'Simplification administrative" am Bau ass ënnerwee.

Administrativ Vereinfachung am Bau / Reportage François Aulner

D’urbanistesch Gemengereglementer, Normen, dorënner Ëmweltnormen a Prozeduren, ginn harmoniséiert, aus méi Uspriechpartner sollen der manner ginn an et komme méi kuerz Delaien, respektiv de "Silence vaut accord". Donieft wëll d’Regierung verstäerkt bezuelbare Wunnraum schafen, neierdéngs och mat Experimenter a Form vu Pilotprojete mam Privatsecteur. Dat ass - nach ganz graff resuméiert - dat, wat am sougenannten 10 Punkten-Aktiounsplang fir d’"administrativ Vereinfachung" am Beräich vum Logement virgesinn ass. En Aktiounsplang, deen de Premier d’lescht Woch ugekënnegt hat an d’Ministere Gloden, Meisch a Wilmes e Mëttwoch virun der Press presentéiert hunn.
 
Duerch all déi Mesuren erhofft sech d’CSV-DP-Regierung, datt méi a méi séier gebaut gëtt. "Feelerquelle" ginn esou aus dem Wee geraumt, esou den Inneminister Léon Gloden. Zum Beispill ginn et am Moment 100 eenzel kommunal Bautereglementer. Lo soll een nationaalt Standard-Reglement kommen, quitt datt d’Gemengen opgrond vu Spezifizitéiten dat net missten 1 zu 1 ëmsetzen. Anert Beispill: D’Zuel u verschiddenen Uspriechpartner an d’Norme ginn deels zesummegeluecht.
 
Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet eng Rei Mesurë genannt, mat där déi nei Philosophie vun "Natur auf Zeit" ëmgesat soll ginn. Eng Mesure erausgepickt: Wann Hecken op engem Bauterrain entstinn, da ginn déi net méi automatesch geschützt. Aktuell géingen nämlech dowéinst Besëtzer hir Terrainen dacks méinen an ebe grad näischt fir d’Biodiversitéit maachen. De Serge Wilmes huet awer betount, datt Terrainen natierlech net total versigelt géinge ginn, mee weider Gréngs muss bleiwen.
 
Fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen, ginn all déi Saache gehalen, déi et scho ginn, ewéi d’Virschrëften aus dem Pacte Logement mat de Gemengen, d’Agence immobilière sociale an d’Ënnerstëtzung an d'Zesummenaarbecht mat zeg weideren Acteuren. De Logementsminister Claude Meisch sot, et wéilt een dat esouguer weider ausbauen an donieft mam Privatsecteur "Experimenter" probéieren, dat a Form vu Pilotprojeten. Een dovunner gesäit vir, datt de Staat net vu Privatpromoteure keeft, mee lount an da weider verlount. D’Regierung plangt och weider Ännerungen um Artikel 2bis vum Gesetz iwwert "Gemengen-Amenagement an Urban Entwécklung". Virschrëften iwwer d’Gréisst vu bezuelbare Wunnenge sollen erofgesat ginn, wouduercher d’Promoteuren däitlech méi Wunnenge kéinte schafen.
 
D’Gemengenautonomie bleift, mee...
 
D’Ministeren hunn zouginn, datt d’Autonomie communale bestoe bleift. Wéi vill a wéi dicht gebaut gëtt, bleift deemno eng gemengepolitesch Decisioun. Si soten awer, se géinge "spieren", datt d’Gemengen zesumme mat all den aneren Acteure wéilten "no vir kommen". De Léon Gloden huet hei och ënnerstrach, datt e generelle Bebauungsplang (PAG) just nach 2 Mol duerch e Gemengerot misst goen, amplaz 3 Mol an datt d’Reklamatioune vun de Bierger elo bei enger "nationaler Stelle" zentraliséiert géinge ginn. Dat géing Drock vun de Gemengen huelen an zu engem aneren Dialog féieren.
 
Den Inneminister huet donieft confirméiert, datt eng Rei Projete vun der leschter Regierung nach ëmmer virgesi sinn ewéi d’Grondsteierreform an eng nei Mobiliséierungstax. Genee ewéi de Remembrement ministériel (de Baulandvertag ass net méi op der Dagesuerdnung). Allerdéngs géingen dës Mesuren, opgrond ënnert anerem vun den Avise vum Staatsrot, nach nei ausgeschafft ginn. 
 
Alles dat, wat e Mëttwoch presentéiert gouf, géing eng Erausfuerderung fir d’Verwaltungen an d’Gemengen duerstellen. An et setzt awer och nach vill legislativ Ännerungen oder nei Texter viraus. Déi eng géingen nach dëst Joer op den Instanzewee kommen, anerer d’nächst Joer.