"D'Lëtzebuerger Sprooch gëtt am Moment sou vill benotzt wéi nach ni"

Lëtzebuergesch wier eng lieweg Sprooch, esou de Pierre Reding. Mam Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch hu mir iwwert hir Entwécklung geschwat.
Méi Lëtzebuergesch an der Santé an an der Fleeg
D’Santé an d’Fleeg si mat déi gréisste Prioritéit fir de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Natierlech hätt ee vill Frontalieren an deene Beruffer, ouni déi de Secteur géif zesummebriechen. Zesumme mam Institut National des Langues ass een amgaangen, e Konzept opzebauen, wéi an deene Beruffer ka Lëtzebuergesch geléiert ginn.
"Si mussen déi alldeeglech Sprooch kënnen, se mussen Empathie kënne weisen op Lëtzebuergesch, si mussen de Patient oder de Pensionnaire verstoen. Mir musse mat hinnen dat Lëtzebuergesch léieren, wat si an hirem Beruff brauchen."
Well d’Leit dacks am Secteur vun der Santé Schichte schaffen, wier et schwiereg, mat hinne Coursen ze organiséieren. Do wier et schwéier ze soen: "Elo gitt dir all Owend um 18 Auer an de Cours."
Et géif een elo op de Wee goen, an den Haiser Leit auszebilden. Dës Formateure kéinten dann an de jeeweilege Strukturen anere Mataarbechter Lëtzebuergesch bäibréngen, esou kéint een och geziilt déi spezifesch Vocabulairë léieren. De Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch weist sech optimistesch: "Ech denken, dass dat doten e gudde Wee ka sinn."
Leit d’Geleeënheet ginn, Lëtzebuergesch ze schwätzen
Dacks kritt de Pierre Reding vu Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, erzielt, dass se net heefeg genuch d’Geleeënheet kréien, fir och Lëtzebuergesch ze schwätzen.
"Ech gi reegelméisseg bei déi selwecht Madamm an d'Bäckerei, a si kritt da vu mir all Kéier e klenge Cours, a se laacht schonn, wann ech erakommen, an da schwätze mir Lëtzebuergesch."
Et wier wichteg, dass d'Leit mat der Sprooch och am Alldag a Kontakt kommen.

ZLS schafft u Projete vu kënschtlecher Intelligenz
Op d’Fro op ee mam Opkomme vu kënschtlecher Intelligenz iwwerhaapt nach Sprooche muss léieren, laacht de Pierre Reding. Hie mécht de Verglach mat de soziale Medien, duerch hiert Opkomme wier nees méi Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. D’KI wier do eng änlech Chance.
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet d’Schreifmaschinn, en Tool, deen dat geschwate Wuert verschrëftlecht. Eng nächst Etapp wier, aus dem geschriwwene Wuert ee geschwaten ze maachen. Déi non-verbal Kommunikatioun kéint eng KI net ersetzen, dofir wieren all déi Saachen och keng Gefor fir eng Sprooch, mee eng grouss Chance.
Zukunft vum Lëtzebuergeschen
"D'Lëtzebuerger Sprooch gëtt am Moment sou vill benotzt vu Leit wéi nach ni", seet de Pierre Reding. An absolutten Zuele géifen ëmmer méi Mënsche Lëtzebuergesch schwätzen. Lëtzebuerg wier e Land vun der Méisproochegkeet, de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ergänzt:
"Fir mech ass d'Lëtzebuerger Sprooch natierlech en Deel vun der Identitéit, vun der Bevëlkerung vun dësem Land. Ech soe ganz bewosst vun der Identitéit vun der Bevëlkerung vun dësem Land an net vun de Lëtzebuerger, well d'Lëtzebuerger Sprooch gehéiert net de Lëtzebuerger, se gehéiert zu jiddwerengem, dee se wëll léieren, dee sech dofir interesséiert, keng Sprooch gehéiert iergendengem."
Lëtzebuergesch ass eng lieweg Sprooch
De Pierre Reding géif sech wënschen, dass nees méi Gedichter op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. Bei villem wier ee gutt opgestallt, bei de Romaner, beim Theater an och géif et ëmmer méi Musek a Lëtzebuerger Sprooch ginn. All déi Entwécklunge géife weisen, dass Lëtzebuergesch eng lieweg Sprooch wier.
Et kommen ëmmer méi Kannerbicher op Lëtzebuergesch op de Marché, e groussen Deel dovu sinn iwwersaten Texter. Ma och lokal Auteure géifen ëmmer méi fir kleng Kanner schreiwen: "Do wär ech frou, wa mer et géife fäerdegbréngen, dass déi vläicht e Marché an anere Länner géife fannen, well et ass jo ganz schwéier zu Lëtzebuerg vum Schreiwen ze liewen."

© Kulturministère
Permanent Ausstellung fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Zanter knapp engem Joer gëtt et eng Wanderausstellung fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dës soll e permanente Standuert kréien, wou genee, ass nach net decidéiert. Viru kuerzem war eng Delegatioun an der Cité Internationale de la langue française am Schlass vu Villiers-Cotterêts, fir sech unzekucken, wéi do d’Ausstellung opgebaut ass.
"Mir wëllen do och zum Beispill vläicht d'KI benotzen an de Leit en attraktiven an interaktive Parcours duerch d'Sprooch, duerch d'Sproochen hei zu Lëtzebuerg ubidden, wou se erausginn an eppes bäigeléiert hunn."

© MENJE
De Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch gouf mam Gesetz vun 2018 fir d'Promotioun vun der Sprooch agefouert. D’Rol vum Kommissär ass et den Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch opzestellen an dësen och ëmzesetzen an als "Affekot" ze kucken, dass dësen ëmgesat gëtt. Am Zenter fir d’Lëtzebuerg Sprooch (ZLS) sinn d’Chercheuren, d’Linguisten an d’Lexikografen, déi ënnert anerem do sinn, fir d’Sprooch ze norméieren an ze analyséieren.