Beruffer am Enseignement sinn an engem "alarmante" gesondheetlechen Zoustand a schwéier belaascht, esou SEW/OGBL an engem Communiqué.

An enger nationaler Ëmfro, déi Enn 2021 vun der Uni Lëtzebuerg gemaach gouf, sote 35% vun den 2.000 Befroten Acteuren aus dem Enseignement, datt se kierperlech Problemer wéinst hirer Aarbecht hätten. 45% soten, se hätte mental Problemer. 37% wieren dann emotional ausgebrannt an 31% stéinge kuerz virun engem Burn-out.

Alles dat schreift den SEW/OGBL en Dënschdeg an engem Communiqué. D’Enseignantsgewerkschaft kritiséiert, datt den Educatiounsministère d'Resultater vun der Ëmfro méintelaang zeréckgehalen hätt an elo als "onrepresentativ" ofgestempelt hätt. Se fuerdert den Educatiounsminister Claude Meisch op, d'Resultater vun der Ëmfro eescht ze huelen a Moossnamen z'ergräifen.

Den SNE-President Patrick Remakel
Op enger Pressekonferenz sot de Patrick Remakel, de Schoulsystem kéint kuerzfristeg kollabéieren, wann de Ministère näischt géing ënnerhuelen.

De Syndicat National des Enseignants vun der CGFP mécht deen nämmlechte Constat. Op enger Pressekonferenz sot de President Patrick Remakel, de Schoulsystem kéint kuerzfristeg kollabéieren, wann de Ministère näischt géing ënnerhuelen, fir den Enseignanten hir mental a physesch Gesondheet. Virop fuerdert den SNE, dass Mesuren ergraff ginn, fir den Ëmgang mat Kanner mat spezifesche Besoinen. Dem Patrick Remakel no misst de Ministère agesinn, dass et a méi grave Fäll fir d'Kanner selwer, d'Matschüler an och d'Léierpersonal besser wär, se géifen op d'mannst temporär net an der Schoul encadréiert ginn, mä zum Beispill eng Therapieplaz géife kréien.

Iwwerhaapt awer misst de Minister déi Etüd eescht huelen, war och hei den Appell. Et wär en Hëllefsruff vum Léierpersonal, esou den SNE-President.

31% vun Enseignanten no um Burn-out/Reportage Pierre Jans

Jean-Marie Wirtgen a Claude Meisch reagéieren

Béid Gewerkschafte bedaueren, dass d‘Resultater vun der dräi Joer aler Etüd net éischter ëffentlech gemaach gi waren. D‘Piraten hate se jo elo awer uganks Juni an d‘Educatiounskommissioun an der Chamber bruecht.

De President vum Observatoire national de l‘enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire Jean-Marie Wirtgen erkläert op Nofro hin, dës Ëmfro, un där ronn 1.800 Enseignanten deelgeholl hätten, wär just een Element vun enger grousser Etüd iwwer d’Reform vun der Grondschoul vun 2009. Déi sollt deemnächst zesumme mat de Recommandatioune vum Observatoire publizéiert ginn.

Den zoustännege Minister Claude Meisch weist sech an enger éischter Reaktioun asiichteg. Et wär eng stänneg Suerg vun him, dass et dem Léierpersonal gutt geet. D'Efforten, fir Kanner mat engem Handicap besser an d'Schoul z'integréieren, géifen dem Minister no och hir Friichten droen. Dofir géif et och senger Meenung no effektiv nach Problemer gi bei Kanner mat opfällegem Verhalen an der Klass. D‘Regierung géif zum Beispill weider sozio-therapeutesch Zentre schafe wëllen. Do kéint och baussent der normaler Schoul mat deene Kanner geschafft ginn. Ma och d‘Enseignanten an der Schoul misste weider ënnerstëtzt ginn, esou de Minister.