SchraassegRenovatioun vum Prisong a weider Ausbauaarbechte geplangt

Claudia Kollwelter
Besser Liewens- an Aarbechtskonditioune sollen duerch eng grouss Renovatioun vum Prisong zu Schraasseg geschafe ginn.
De Prisong zu Schraasseg soll renovéiert ginn
De Prisong zu Schraasseg soll renovéiert ginn
© MJUST

D'Prisongsinfrastrukture solle moderniséiert an d’Liewens- an Aarbechtskonditioune verbessert ginn. Dat hunn d'Ministerebn Elisabeth Margue a Yuriko Backes bei hirer Visitt vum Prisong zu Schraasseg leschte Freideg betount. Virun allem d'Situatioun vun de Fraen am Prisong soll amelioréiert ginn, dofir ass ënnert anerem e Reamenagement vum Block F geplangt.

Am Kader vun enger méi grousser Renovatioun vum Prisong si weider Ausbauaarbechte geplangt, d'Moderniséierung vun den Infrastrukturen, besser Raim fir Ausbildung, Aarbecht a sozial Aktivitéiten. D’Zil ass et, d’Resozialiséierung vun de Prisonéier ze stäerken an d’Réckfällegkeet ze reduzéieren.

De Moment sinn 392 Persounen am Prisong zu Schraasseg ënnerbruecht: 352 Männer a 40 Fraen.

Back to Top
CIM LOGO