EU-Kommissärin LahbibVirbereedung a Krisemanagement – Lëtzebuerg kéint "houfreg" sinn

François Aulner
De Grand-Duché ass ee vun néng Membere vun enger fräiwëlleger Koalitioun, déi Virreider wëlle sinn vun deenen, déi "virbereet" wieren.
© Tom Zeimet

D'international Hëllef hëlt éischter of, iwwerdeems et ëmmer méi Konflikter ginn, esou de Xavier Bettel . De Vize- an Ausseminister hat d'EU-Kommissärin fir d'Virbereedung an de Krisemanagement Hadja Lahbib bei sech op Besuch. Et stounge Visitte beim Roude Kräiz, bei der Air Rescue, bei emergency.lu a beim CGDIS um Programm. Et soll haaptsächlech drëm gaange sinn, d'Zesummenaarbecht am Fall vu Krisen am Ausland ze verbesseren.

Virbereedung a Krisemanagement – Lëtzebuerg kéint "houfreg" sinn / F. Aulner

Verbesseren, well et géing scho vill gemaach ginn. D'Hadja Lahbib an de Xavier Bettel hate vill Blummen fir deen aneren. D'EU-Kommissärin huet dem Lëtzebuerger Ausseminister notamment Merci gesot fir säin Asaz, fir ënner 27 Memberstaate sech eens ze ginn, mee och fir konkret Aktiounen ewéi zum Beispill d'Rapatriementer vu Leit aus dem Noen Oste virun zwee Méint. De Xavier Bettel huet hir Merci gesot, well d'EU-Kommissioun 75 % vun de Fluchkäschte vun deemools géing iwwerhuelen.

Hien huet hir awer och Merci fir hiren Asaz gesot: D'EU-Kommissärin – fréier Journalistin - war ënnert anerem rezent am Libanon, ewéi 300 Tonnen, dovun eelef vu Lëtzebuerg, un Hëllefsgidder dohi geliwwert goufen. Diskutéiert hu béid Politiker iwwert Synergien, fir an Zukunft Gidder zesummen ze kafen oder ze stockéieren.

130 aktiv Konflikter ginn et aktuell, esou vill wéi nach ni zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich, esou d'EU-Kommissärin. Iwwerdeems et net no méi Rou ausgesäit, gëtt zu Bréissel en humanitären Aktiounsplang ausgeschafft. E ganz wichtege Kapital wier d'"Humanitär Diplomatie", esou d'Hadja Lahbib. Si huet als Beispill hiren Asaz genannt, fir Korridoren an Ostafrika hierzestellen, fir datt d'Hëllef iwwerhaapt vun A op B kënnt.

Lëtzebuerg resilient?

Op d'Fro, ob Lëtzebuerg selwer da prett ass, fir eng Kris heiheem, äntwert si Lëtzebuerg kéint "houfreg" sinn als ee vun néng Membere vun enger fräiwëlleger Koalitioun, déi Virreider wëlle sinn vun deenen déi "virbereet" wieren. Zur héijer Lëtzebuerger Ofhängegkeet vun Importer, notamment a Punkto Energie sot si näischt.

De Premier Luc Frieden hat bei der Presentatioun vum nationale Resilienzplang am Oktober zejoert dann och gesot, hien hätt net wëlles, Mënschen ze "verflichten". D'Hadja Lahbib sot, et wier kloer, datt Fräiwëlleger ëmmer déi éischt wieren, déi a Krisesituatioune reagéieren. D'Fräiwëlleg wieren d'Noperen. "Kenn däin Noper a gëff Volontaire" ,esou d'EU-Kommissärin.

Als Member vum belsche liberal-konservativen MR war si natierlech mam Luc Frieden averstan. Si ass och Kommissärin fir Chancëgläichheet an huet drop higewisen, datt si eng Recommandatioun géing erausginn, fir datt d'Memberstaaten eppes géint forcéiert Konversiounen ënnerhuelen. Eng Direktiv vun uewen erof géing et net ginn.

Back to Top
CIM LOGO