Eng méi lass um PassbüroZanter enger Woch kënnen déi nei Reesdokumenter ugefrot ginn

Marc Hoscheid
Deen neie Lëtzebuerger Pass ass 10 an net méi just 5 Joer laang gülteg, ma et ginn awer deels och nach aler eraus.

Wie méi dacks a Länner baussent der Europäescher Unioun reest, dee weess, wéi wichteg et ass, ee gültege Reespass ze hunn. Déi Leit dierfte sech dann och freeën, datt de Lëtzebuerger Pass elo 10 an net méi "just" 5 Joer valabel ass. De Marc Hoscheid war e Méindeg de Moien an de Passbüro an der Stad de Bols fillen.

Éischt nei Päss sinn do / Reportage Marc Hoscheid

Am Moment dierft d'Wieder zu Lëtzebuerg deen een oder aneren dozou bréngen, iwwert eng Rees a méi waarm an dréche Géigenden nozedenken. Ma dat war awer wuel net den Haaptgrond, firwat de Passbüro e Méindeg de Moien um 9 Auer scho gutt gefëllt war. Zanter dem 11. Mee kann een op der Gemeng, dem Passbüro oder enger Ambassade deen neie Pass ufroen. Ee vun deenen Éischten, déi hiert neit Reesdokument siche waren, ass de fréiere Schwëmmer a Participant bei Olympesche Spiller Alwin de Prins.

"Ech hunn dréngend een neie Pass gebraucht, hunn awer gesinn, datt et lo den 10-Jores-Pass gëtt. Ech hunn also carrement deen éischten Dag ofgewaart, ab deem d'Bestellung méiglech war fir een 10-Jores-Pass, dunn direkt moies um 8 Auer op d'Gemeng an dat huet alles tipptopp geklappt."

Een anere Mann, deen e Méindeg de Moien och een neie Pass krut, hat net grad esou gutt opgepasst a seng Demande dräi Deeg ze fréi gemaach, sou datt hien nach ee Pass krut, deen "nëmme" 5 Joer gülteg ass. Och wann dat keen Drama wier, huet hie sech awer e bëssi geiergert, well deen neie Pass dach e puer Virdeeler hätt.

"Et muss een éischtens d'Demande net méi nei maachen an zweetens ass et awer trotzdeem och fir 10 Joer dee selwechte Präis wéi lo fir 5 Joer. Den Tarif ass dee selwechten. An et muss een net sou oft opzepassen, fir Äre Pass ze erneieren, wann Der relativ vill ënnerwee sidd."

Beim Präis huet sech effektiv näischt gedoen, dee läit bei 50 Euro fir een neie Pass no der normaler Prozedur an 150 Euro bei der Express-Prozedur. Vun offizieller Säit gëtt och ënnerstrach, datt déi Päss, déi 5 Joer gülteg sinn, elo net oflafen, mee sou laang genotzt kënne ginn, wéi drop steet.

Datt een neie Pass agefouert gouf, läit an éischter Linn dorunner, datt deen alen net méi de Sécherheetsstandarde vun der Europäescher Unioun entsprach huet. Elo sinn op all Säit Waasserzeechen, déi verschidde bekannte Motiver weisen, zum Beispill d'Gëlle Fra oder d'Chamber. Och wann et ni eng komplett Sécherheet kéint ginn, wéilt ee potenzielle Fälscher d'Liewen awer sou schwéier wéi méiglech maachen.

Mam Lëtzebuerger Pass kann een an iwwert 170 Länner reesen, ouni ee Visa mussen unzefroen. Dat erkläert den Direkter vun den Affaires consulaires André Biever esou:

"Et ass richteg, datt ganz vill Länner an der Welt einfach soen, all d'EU-Bierger kréien dee selwechten Traitement. Mee dat ass awer net ëmmer de Fall. Dat heescht, do muss och nach ëmmer all Land eenzel intervenéieren a senge bilaterale Kontakter, wa Visitte sinn. Fir ze soen, mir Lëtzebuerger - heiansdo maache mer et och mat de Benelux-Länner zesummen - mir Lëtzebuerger oder mir Beneluxianer hätte gären nach ee besseren Traitement wéi anerer. Dat heescht effektiv ass et au cas par cas, mee dat ass jo keng Decisioun vun eis, dat ass ëmmer eng Decisioun vun den Autoritéite vun anere Länner, wat d'Krittäre sinn."

Net nëmmen, awer wuel och dowéinst dierft de Lëtzebuerger Pass bei ville Leit beléift sinn, déi hiert Liewe laang wäit ewech am Ausland wunnen awer iwwert hir Famill ee Lien mam Grand-Duché hunn. Sou sinn zum Beispill eleng dat lescht Joer ronn 2.500 Demandë fir e Lëtzebuerger Pass aus Brasilien komm. Vill Leit kommen d'Dokument esouguer op Lëtzebuerg sichen, well et iwwert hir Ambassade méi laang dauere géing. Dacks gëtt dovu profitéiert, fir sech Lëtzebuerg an och aner Deeler vun Europa méi genee unzekucken. Heiansdo geet dat jo och am Dréchenen.

Beim Ausseministère erënnert een dann nach dorunner, datt Leit, déi méi wäit fort an d'Vakanz ginn, sech op MyGuichet beim LamA, also Lëtzebuerger am Ausland, registréiere sollen. Esou ass et méi einfach, fir bei engem Noutfall gehollef ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO