
Deemools war jo e klenge Jong ëm d'Liewe komm. Um leschten Dag vum Prozess goung et haaptsächlech ëm d'Fuerderungen no Schuedenersatz vun de Parties civiles.
Ma als éischt gouf et nach e kléngen Theatercoup. Den Affekot vum Haaptsculpteur wollt en neien Zeie ruffe loossen, dee sech an der éischter Prozesswoch beim Parquet manifestéiert hat. De Mann hat sech bei kengem Zeien-Appell nom Accident gemellt, mee elo schrëftlech matgedeelt, hien hätt deemools gesinn, wéi e puer Kanner d'Skulptur eng hallef Stonn virum Accident mat Féiss gerannt hätten, datt Stécker geflu wieren.
Ma fir ze formuléieren, wat e gesinn hat, huet de Mann eng Woch gebraucht. Sou datt seng Matdeelung eréischt de leschte Mëttwoch um Pult vum zoustännege Substitut gelant ass. Begleet gouf se, wéi de Vertrieder vum Parquet de Moie sot, vu bal duebel esou laangem Gefluchs iwwert déi schlecht Erzéiung hautzedaags, e Schreiwes, dat quasi komplottistesch Zich hätt. Ma haaptsächlech géif d'Ausso vun deem neien Zeien duerch keng aner Ausso gestëtzt, déi direkt nom Accident gemaach gouf. An och net duerch déi vill Fotoen, déi Zeie virum Accident gemaach an der Police zur Verfügung gestallt hunn. Dat huet de Substitut dem Mann och schrëftlech geäntwert. Hien huet an Zweifel gezunn, datt deen neien Zeien iwwerhaapt den Dag vum Accident an der Stad gewiescht wier. No enger kuerzer Berodung huet d'Geriicht decidéiert, den Zeien net fir eng Ausso viru Geriicht ze ruffen. Den Affekot vum Sculpteur huet awer doduerch sengem Client seng éischt Reaktioun nom Accident confirméiert gesinn, nämlech datt et net vun eleng geschitt wier.
D'lescht Woch gouf et jo vill Kritik vun den Defense-Affekoten iwwert d'Héicht an d'Dokumentatioun vun de Schuedensersatzfuerderungen vun de Parties civiles. E Méindeg huet d'Affekotin vun der Famill deemno verschidde Piècen an den Dossier verséiert a justifizéiert, d'Fuerderunge wieren adequat. Ma d'Affekote vun der Defense ware sech eens, datt dës net duer ginn, fir déi gefroten Dommagen ze beleeën. D'Fuerderunge wiere méiglecherweis justifizéiert, méiglecherweis net, esou ee vun hinnen. D'Affekotin hätt sollen hir Aarbecht maachen. Een anere goung esou guer sou wäit, d'Geriicht ze froen, fir en technesche Feeler hirersäits zu Gonschte vun der Famill ze korrigéieren.
D'Urteel an der Affär gëtt den 2. Juli gesprach.