1.193 Mënsche sinn 2023 bei d’Médecins du monde zu Esch oder an der Haaptstad komm. Verschiddener hu méi wéi eemol d’Hëllef an de Rot vun de jeeweilegen Dokter oder Sozialaarbechter gebraucht. Sou läit d’Zuel vun de medezinesche Consultatiounen insgesamt bei 3.255.

E Chiffer u Beneficiairen, deen iwwert déi lescht 3 Joer stabel tëscht 1.200 an 1.300 Mënsche bliwwen ass. D’Problemer vu Santé Sociale a Santé mentale géingen awer progressiv zouhuelen, wat ee géing un der Explosioun vun de sozialen a psychologeschen Interventioune gesinn. “An dëse Phänomen steet ouni Zweiwel an enker Relatioun mat der Aarmut, vun där hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi Mënsche concernéiert sinn”, ënnersträicht de President vu Médecins du monde, den Dr. Bernard Thill. “Ëmmer méi Leit komme wéinst soziale Problemer bei eis”, seet och de Ralph Hank, Sekretär vu Médecins du monde. Dëst wier awer natierlech och wéinst der Aféierung vum Pilotprojet vun der universeller Gesondheetsversuergung fir jiddereen. Eng Mesure, déi och e soziale Suivi vun de Beneficiairë fuerdert.
De Pilotprojet, gouf 2021 agefouert an heescht am Fachterminus: Couverture universelle de soins de santé (CUSS). Dass d’CUSS eng legal Basis kritt, ass eng vun de Revendicatioune vu Médecins du monde un d’Politik. D’Associatioun betreien den Ament eng 76 Mënschen an dësem Programm. Ma wéinst Manktem u finanziellen a personelle Ressourcen, also an éischter Linn enger Assistante sociale, kënne si sech ëm keng weider méiglech Beneficiairë këmmeren. Deemno musse si Leit an Nout bei eng vun de fënnef aneren Associatioune schécken, déi och d’Méiglechkeet hunn, Persoune bei der Securité sociale unzemellen an e Suivi ze maachen. Fir dass eng Persoun kann eng CUSS kréien, muss si awer Konditiounen erfëllen. Dozou zielt 3 Méint am Land ze sinn, e Stage vun 3 Méint ze maachen an et muss e Suivi sociale an e Projet de Vie gemaach ginn. Hei kritiséiert den Dr. Bernard Thill, dass Leit op der Strooss dacks manner e Projet de vie hätten, mee éischter e Projet de survie.
E weidere Wonsch ass, dass Leit, déi keng Sozialversécherung hunn, sech also net kënnen op enger Gemeng umellen, Zougang zu engem Sozialbüro an enger Epicerie sociale kréien. E weidere Problem wier dacks e Bankkonto, wat eigentlech e Recht zu Lëtzebuerg ass. “Leit, déi e Recht hunn, sech fir eng CUSS aschreiwen ze loossen, kréie vu verschiddene Banke kee Konto opgemaach a kënne sou keng Sue kréien, well se kee Konto hunn”, betount de Ralph Hank.
Eng drëtt Fuerderung vun der Associatioun ass dann nach, dass eng Struktur geschaaft gëtt, wou al, krank Leit, déi op der Strooss liewen a keng Pabeieren hunn, kënnen hir lescht Joren an Dignitéit liewen. Den Ament huet Médecins du monde just d’Méiglechkeet, esou Mënschen zu Esch an der Maison L’Escale ënnerzebréngen. An der Struktur, déi d’Associatioun zesumme mam CHEM geréiert, kënnen 10 krank Persounen, déi keng Sozialversécherung hunn, behandelt ginn. Den Ament wieren awer sechs vun dëse Better vu Mënsche mat chronesche Krankheete beluecht, also Laangzäit. An enger éischter Reunioun mat der Gesondheetsministesch Mëtt Juni wier ee mat dësem Projet awer op oppen Ouere getraff. Lo hofft een nach op de Familljeministère.

97 Prozent vun de Patiente liewen ënnert dem Aarmutstaux. Eng 40 Prozent leiden ënner enger chronescher Krankheet, a komme méi dacks, well e Suivi néideg ass. Vill vun de Patienten hu finanziell Problemer. Verschiddener hu keng Aarbecht, anerer schonn. Eng 20 Prozent wiere Schwaarzaarbechter. “Se schaffen a wunnen zu Lëtzebuerg, mee se sinn net ugemellt, a kënnen net ugemellt ginn, well se déi legal Konditiounen net erfëllen”, betount de Ralph Hank. Et wier och e Mythos, dass Mënschen op Lëtzebuerg kéimen, fir sech medezinesch versuergen ze loossen. “Just 3,2 Prozent vun de Migranten hunn hiert Land verlooss wéinst medezinesche Problemer”, sou de Sekretär. D’Patiente wiere majoritär Migranten. Refugiéë kéimen net, well wann dës de Statut hunn, hu si déi selwecht Rechter wéi lëtzebuergesch Residenten.
Bei 6 Prozent handelt sech ëm Lëtzebuerger, déi keng Sozialversécherung hunn, oder déi net genuch Suen hunn, fir virzestrecken, wa se bei den Dokter mussen. D’Majoritéite vun de Beneficiairë kënnt aus Osteuropa: Rumänien, Ungarn a Polen. 20 bis 25 Prozent kéimen aus Nordafrika, aus dem Maghreb. Ma och vill aus Südamerika, majoritär Brasilien.
Eng gutt Noriicht ass dann awer, dass Médecins du monde all Joer nei Benevolle bäikrit. Zejoert waren dat 160 Persounen, dorënner Generalisten, Infirmieren, Aen- an Zänndokter, Dermatologen, Kardiologen, Psychologen, Psychiater asw.