Arthur Welter a Cargolux testen aner Technologie am Transportwiesen
Béid Entreprisen hunn d'Zil, mat dësem Schratt Erfarungen ze sammelen.
D'Transportentreprise Arthur Welter huet fir zwee Joer e Waasserstoff-Camion geleast, dee geschwënn op enger fester Streck soll agesat ginn. D'Iddi koum u sech awer vun der Cargolux. Och si wëllen Erfarunge mat Hydrogène sammelen, an dat geet op der Strooss méi einfach wéi an der Loft.
Vum Cargozenter Findel bis bei de Cargozenter Frankfurt an nees zréck. 5 Mol d'Woch soll dëse Camion den Aller-Retour maachen. D'Gefier huet eng Autonomie vu 400 Kilometer a gouf zum Deel extra fir Loftfracht ëmgebaut. Et geet een dovunner aus, datt soss néierens op der Welt e Waasserstoff-Camion fir esou Zwecker agesat gëtt.
Null-Emissiounen am Transportsecteur, dat ass méiglech, awer aktuell net rentabel. Den Ament leet een nach drop. Arthur Welter a Cargolux geet et awer drëms, fir "Pionéieraarbecht ze leeschten, an zesummen Erfarungen ze sammelen, fir prett fir déi nei Technologien ze sinn."
Lëtzebuerg huet och eng kloer Wasserstoff-Strategie. Virun engem Mount huet de Grand-Duché de Projet Hydrogen Valley virgestallt. Vun 2026 u soll zu Käerjeng grénge Waasserstoff produzéiert ginn.