An engem Bësch tëscht Stroossen a Mamer treffe mir d’Zoé Ast. Déi 34 Joer jonk Fra schafft als Benevolle beim Service vun de Rettungshënn vum Roude Kräiz.

Sondesinterview: Zoé Ast
Introduction

Zanter engen Dose Jore schafft si als Schouljoffer. D’Ekipp vun der Hondsstaffel vun der Croix-Rouge besteet aus 19 Benevoller a 15 Hënn. Zanter 1998 ass d’Hondsstaffel aktiv. Wärend engem Training kucke mir hinnen iwwer d’Schëlleren.

"Ech si Labrador-Fan"

Mat 16 Joer huet d’Zoé bei der Hondsstaffel vum Roude Kräiz ugefaangen. Deemools hat Si och hiren éischten Hond. E Labrador, de "Goose". Dat si mëttlerweil 17 Joer hir. Duerch hire Papp koum d’Zoé bei dëse Service. 

"Mir sinn op all Training geschleeft ginn"

Dem Zoé säi Papp, de Jerry Ast, huet am Joer 1996 d’Hondsstaffel vun der Croix-Rouge gegrënnt. Hie war als fräiwëllegen Ambulancier beim Roude Kräiz aktiv an huet als Hondsmeeschter bei der Douane geschafft. Hire Papp hätt sech deemools gefrot, firwat et beim däitsche Roude Kräiz Rettungshënn géife ginn a firwat net hei zu Lëtzebuerg bei der Croix-Rouge.

"All seng Kanner si mat op den Training geschleeft ginn, op se wollten oder net", sou d’Zoé am Gespréich. "Mir sinn an d’Hondsstaffel eragewuess". Dobäi grinst Si iwwer d’ganzt Gesitt. 
 
Net all Hond wär fir des präzis Aarbecht mat Mënsche gëeegent. Am beschte wäre mëttelgrouss Muppen. Labrador, däitsch an hollännesch Schéiferhënn oder och nach Border Collien. Dat verréit d’Zoé Ast mir wärend dem Interview. "De Mupp soll awer net risegrouss sinn, wëll hie muss och bei méi waarmen Temperaturen dacks méi laang schaffen". 
Verschidde Muppe kréien eng Ausbildung fir an den Trümmer oder op der Fläch ze schaffen. 

Sondesinterview: Zoé Ast (Fläch)
Verschidde Muppe kréien eng Ausbildung fir an den Trümmer oder der Fläch ze schaffen.

"2023 war en intensiivt Joer"

Op 29 Asätz koum d’Rettungsstaffel vum Roude Kräiz zejoert. An der Moyenne sinn et der a sech just 12. D’Police rifft d’Hondsstaffel vun der Croix-Rouge an dem CGDIS zur Verstäerkung. Dacks geschitt dëst bei enger "Disparition inquiétante" vun enger Persoun. Mëtt Juni hat d’Ekipp vun der Hondsstaffel hire leschten Asaz. 

Sonndesinterview: Zoé Ast (Asäz)
De Gros vun den Asätz sinn um Lëtzebuerger Territoire.

De Gros vun den Asätz sinn um Lëtzebuerger Territoire. "Wa mir am Ausland gebraucht ginn, ass dëst meeschtens an der noer Grenzregioun de Fall". Esou d’Zoé am Interview. "Ganz dacks sinn et déi däitsch Kolleegen déi eis als Renfort ruffen". 

"Den Hondsmeeschter a säin Hond sinn en Team"

"Nëmmen als Team hätt ee Succès a nëmmen als Team kéint ee funktionéieren". Dëst erkläert d’Zoé Ast ganz houfreg wärend eisem Gespréich. Dobäi wär den Training den A an den O. Zweemol d’Woch steet Training um Programm. D’Ausbildung zum Rettungshond dauert zwee Joer. "D’Ausbildung ass awer ni fäerdeg. D’Prüfung muss all 2 Joer nees frësch gemaach ginn, fir dass d’Leit kënne mat op d’Asätz goen". Sou erzielt déi jonk, begeeschtert Fra mir weider. "Den Hond muss seng Erfarunge sammelen a sécher ginn, an deem wat hie mécht". 

Sonndesinterview: Zoé Ast (Training)
Wéini e Mupp an d’Pensioun als Rettungshond geet, wär vun all eenzel Mupp ofhängeg.

Als Hondsmeeschter brauch een als éischt Hëllefscoursen, et muss een d’Material kennen an eng gutt Orientatioun am Bësch hunn. Fir d’Ausbildung vum Hond ass den Alter wichteg. "Wat méi jonk, wat besser", esou d’Zoé Ast.

"E Mupp vun 12 Wochen ass ideal", sou erkläert Si weider. "Mir fänken awer och emol mat Hënn un, déi 1 Joer hunn. Wann en Hond méi al ewéi 3 Joer ass, mécht et kee Sënn méi fir unzefänken. D’Ausbildung dauer dowéinst einfach ze laang".

Wéini e Mupp an d’Pensioun als Rettungshond geet, wär vun all eenzel Mupp ofhängeg. "Huet en Hond bis Gelenk-Problemer, mécht et kee Sënn méi, hien ze strapazéieren. Déi eng Hënn schaffe bis 10 Joer, anerer musse mat 8 Joer an d’Pensioun", sou d’Zoé Ast vum Roude Kräiz. 

"Hei gouf Bolognese gekacht"

D’Muppe schaffe mat hirer Nues. Si géif einfach besser funktionéieren, ewéi d’A vun de Muppen. 

Sonndesinterview: Zoé Ast (Gerochsënn vum Hond)
D’Hondsstaffel vum Roude Kräiz hëlt iwwer d’Joer un 3 Stagen deel.

D’Hondsstaffel vum Roude Kräiz hëlt iwwer d’Joer un 3 Stagen deel, dat mat auslännesche Kolleegen. Nach bis den 9. August si si a Bayern an engem Stage.

Et ginn och Kollaboratioune mat aneren Hondsstaffelen. Sou schafft d’Croix-Rouge mam bayresche Roude Kräiz an de Paräisser Pompjeeën aus der Kasär vu St. Denis reegelméisseg zesummen. 

"Ech sinn eng Cycle 4 Joffer"

Schouljoffer ass d’Zoé vu Beruff. Si schafft mat Kanner am Alter tëscht 10 an 12 Joer. "Mat deene kann ee ganz flott Sujeten thematiséieren", sou d’Zoé Ast am RTL Interview. "Dat geet vum 2.Weltkrich iwwer d’Sciencen. Éischt Hëllef. Do engagéieren ech mech ganz gären dran".

Wärend 12 Joer huet d’Zoé Ast Schoul zu Bouneweg gehalen. Fir d’Rentrée elo am September wiesselt déi jonk Fra op Kielen. Schouljoffer wollt Si nach ëmmer ginn. "Ech hat als Schülerin net ëmmer gutt Punkten". Esou erzielt d’Zoé mir ganz oppen seng Zäit an der Primärschoul. "D’Léieren ass mir schwéier gefall. Meng Mamm huet mech awer ëmmer gutt ënnerstëtzt. Ech wollt also eng Joffer ginn, fir deene Schüler ze hëllefen, déi Probleemer mam Léieren hunn an hinne mat Eppes op de Wee ginn". 
 
Wann ee Loscht huet an der Ekipp vun der Hondsstaffel dobäi ze sinn, soll ee sech bei der Croix-Rouge um Tel. 2755 2000 mellen oder am beschten emol op en Training laanscht kommen.