Wéi d'Police mellt, koum et e Méindeg géint 19.10 Auer zu engem Accident um CR172. En Auto hat do missen engem Trakter auswäichen a krut e Moto ze paken.

Éischten Informatiounen no hat den Trakter méi wéi d'Hallschent vun der Fuerbunn an Usproch geholl. Wéi den Automobilist iwwerhuele wollt, huet hien d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a krut doropshin de Motocyclist ze paken. Dëse gouf verwonnt a koum an d'Spidol. Iwwerdeems wier den Trakter net stoe bliwwen.

An deem Kader sicht d'Police no Zeien, fir genee ze klären, wéi et zum Accident koum. Sämtlech Informatioune si fir d'Police du Sud um (+352) 244 57 1000 oder per E-Mail op police.portedusud@police.etat.lu.