Ee Blesséierte bei Accident tëscht Trakter an Auto

© RTL Archiv
D'Ekippe vum CGDIS waren en Dënschdeg de Mëtteg wéinst am Ganze 4 Blesséierte bei 3 Accidenter am Asaz. An engem Fall war d'Air Rescue op der Plaz.
Kuerz virun 13 Auer war dem 112 en Accident op der N27 tëscht dem Riesenhaff an Ueschdref gemellt ginn, bei deem en Trakter an en Auto aneneegerannt waren. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt a vun der Air Rescue, den Ambulanciere vu Réiden op der Atert an de Pompjeeë vu Rammerech versuergt.
D'Rettungsekippen aus der Stad a vu Mamer waren iwwerdeem kuerz viru 16 Auer an d'Areler Strooss op Capellen geruff ginn, nodeems hei zwou Persoune bei enger Kollisioun tëscht zwee Ween blesséiert goufen.
Op der N22 tëscht Uewerpallen a Giisch an der Belsch hat et iwwerdeem géint 16.10 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten. Um Asaz waren d'Ambulanciere vu Réiden an d'Pompjeeë vu Biekerech.