Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten e Méindeg den Owend kuerz viru 6 Auer zu Rëmerschen, wou e Motocyclist gefall ass.

Eng Ambulanz vu Réimech an d’Pompjeeë vu Schengen waren op der Plaz.

Zu Féiz gouf et dann e Brand an engem elektreschen Tableau. D’Monnerecher Pompjeeën haten dat awer séier ënner Kontroll.