
Kanner an Heemer a Fleegefamilljen hunn eng däitlech méi schlecht mental Gesondheet, wéi Kanner aus der allgemenger Bevëlkerung. Dat geet aus enger Etüd vun der Uni Lëtzebuerg ervir, déi déi mental Gesondheet an d’Wuelbefanne vu Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg, mam Fokus op Kanner a schwierege Liewenssituatiounen, Heemer a Fleegefamilljen, ënnersicht.
Iwwer 3.000 Kanner a Jugendlecher hunn ewell deelgeholl an d’Etüd geet iwwert een Zäitraum vun 2023 bis 2027. De Projet huet als Zil, déi mental Gesondheet vu Kanner zu Lëtzebuerg a konkreten Zuelen festzehalen an ze verstoen, wéi schwéier d’Erfarungen aus der Kandheet, déi psychesch Gesondheet an d’Léiere vun de Kanner beaflossen.
Wéi geet et de Kanner wierklech a wat beaflosst hir mental Gesondheet? Dës Fro hu sech Fuerscher vun der Uni.lu gestallt, déi mam Fuerschungsprojet CHAMP, also “The Childhoof an d’Mental Health Project”, Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg iwwer hir mental Gesondheet an hiert Wuelbefanne befreet.
Zu Lëtzebuerg feelen Zuelen zu der Santé mentale bei Kanner allgemeng, awer ganz besonnesch bei Kanner, déi placéiert sinn, esou d‘Pascale Engel, Cheffin vum Fuerschungsprojet. Si ass Professer an der Kannerpsychologie a fënnt, dass dës d‘Zuele ganz wichteg sinn, fir de Besoin u psychotherapeutescher Betreiung besser aschätzen ze kënnen.
“A mir sinn der Meenung, dass Politik, Gesellschaft awer och d‘Fuerschung hei zesumme muss hikucken an upaken. Et héiert ee méi dacks, dass d’Kanner- a Jugendpsychiatrie iwwerlaascht ass, an dass et u Plaze feelt, mee ouni zolidd Zuelen ass et och schwéier, de reelle Besoin ze plangen.”

Am éischten Deel huet sech d’Etüd op Kanner a Jugendlecher vu 4 bis 17 Joer konzentréiert. Donnéeën iwwer hir mental Gesondheet gouf duerch Ëmfroe festgehalen. Kanner vun 10 Joer un hunn dës selwer ausgefëllt, wärend bei deene méi Jonken de Questionnaire mat Persounen, déi dem Kand am Nooste stinn, ausgefëllt goufen.
Et sinn Zuelen, déi wuel vill Elteren an Enseignanten op den éischte Bléck berouegen. Am Grupp vun den iwwer 600 Kanner aus dem Cycle 4 hunn 92 Prozent vun de Kanner gesot, si wieren zefridde mat hirem Liewen an eng grouss Majoritéit fillt sech och an der Schoul sécher. Gläichzäiteg fille sech ronn 3 Prozent vun de Kanner onsécher oder ginn net gär an d’Schoul. 84 Prozent vun de Kanner soen, dass si sech ëmmer oder bal ëmmer an der Schoul sécher fillen an 3 Prozent vun de Kanner hu gesot, dass dat bei hinnen ni de Fall ass.
Och beim Thema Bildschierm-Zäit zeechent sech e differenzéiert Bild of. No den Aussoe vun de Kanner aus dem Cycle 4 verbréngt eng grouss Majoritéit relativ wéineg Zäit viru Schiermer. Méi wéi d’Hallschent – 54 Prozent – ginn un, ni oder bal ni op soziale Medien aktiv ze sinn. Änlech Zuele fënnt een och beim Gaming: 49 Prozent spillen ni oder bal ni elektronesch Spiller an 47 Prozent kucken nëmme seele Fernseh oder Streaming-Plattformen.
Gläichzäiteg gëtt et awer eng méi kleng Grupp, bei där d’Bildschierm-Zäit däitlech méi héich ass. Ronn 10 Prozent vun de Kanner soen, si géifen all Dag méi wéi véier Stonnen op soziale Medie verbréngen. Beim Gaming sinn et 9 Prozent, beim Fernseh oder Streaming nach 5 Prozent. Besonnesch markant ass d’Thema Mobbing. Bal all véiert Kand huet schonn Erfarunge mat Mobbing gemaach. Am Géigesaz zu deem, wat dacks ugeholl gëtt, geschitt dat meeschtens net online, mee klassesch an der Schoul.
“Hei ass intressant ze gesinn, dass bei de Kanner am Fondamental op d’mannst mol de Cybermobbing eleng nëmmen an 3 Prozent vun de Fäll virkomm ass. An et gëtt am meeschten iwwer déi klassesch Weeër am Fondamentale gemobbt. 88 Prozent vun de Kanner soten zum Beispill, dass si iwwer déi traditionell Weeër, direkt oder indirekt, géinge gemobbt ginn. Esou Resultater zum Beispill kënnen intressant sinn, fir Interventiounen a Schoule géint de Mobbing ze plangen.”
D’Fuerschung weist och, datt d’Kanner sech vill Gedanke maachen an dat net nëmmen iwwer hiert eegent Liewen, mee och iwwer d’Welt. Kricher, Klimawandel oder d’Angscht, datt engem mat deem si frou sinn, eppes geschéie kéint, gehéieren zu den heefegste Suergen.
Mee déi wichtegst Erkenntnis läit vläicht an engem anere Punkt: D’Ënnerscheeder tëscht de Kanner sinn immens grouss.
“Also bei Kanner a Kannerheemer leien d’Wäerter vun den emotionalen oder Verhalensopfällegkeeten méi wéi duebel esou héich, wéi an der genereller Populatioun, a bal 3 Mol méi héich bei de Bindungsstéierungen. Et weist awer och ganz kloer, dass déi Saachen, déi d’Kanner an der fréier Kandheet erliewen, sech op hir Santé mentale an hiert Verhalen auswierken.“
Dann ass och gezielt Preventioun immens wichteg. Och wa Placementer net komplett verhënnert kënne ginn, muss alles gemaach ginn, fir besonnesch kleng Kanner virun traumateschen Erfarungen ze schützen.
“Dann ass et och wichteg ze verstoen, dass extern Stressfaktore fir Familljen eng enorm Belaaschtung kënnen duerstellen, déi sech dann och negativ op d’Bindungsverhale kann auswierken, an dorënner fält zum Beispill och d‘Aarmut. Dat heescht, Preventioun géint d‘Aarmut zum Beispill, kann d‘Santé mentale vun de Kanner stäerken.“
Gläichzäiteg wier et och wichteg, dass Kanner stabil Bindunge kënnen zu Vertrauenspersounen opbauen. Et géing net duergoen, just den Handy, Computer oder iPad ewechzehuelen, mee et misst gezielt iwwerluecht ginn, wéi een et packt, dass all Kanner kënne gesond a stabil Bindungen entwéckelen.
An dofir wier et wichteg, dat alles als ee Ganzt ze gesinn: Wirtschaft, Logement, Erzéiung, Gesondheet. Dat alles spillt zesummen a präägt d’Entwécklung vun de Kanner, déi d’Zukunft vun eisem Land sinn.
Den Ament leeft d’Etüd nach weider: A siwe Lycéeën queesch duerch d’Land ginn aktuell nach Donnéeë gesammelt. Aus dräi Lycéeë leien och schonn, mat ronn 2.000 Äntwerten, déi éischt Resultater vir.
Esou Etüde sollten och net nëmmen an d‘Breed goen, mee och an d’Déift. Dofir brauch et gezielt Fuerschungsgelder, déi dann natierlech och wierklech do mussen ukommen, wou se sollen.