6 Mannerjäreger sinn d’lescht Woch am Erwuesseneprisong gelant, an et ass net deen éischte Fall dëst Joer. D’Zuele klammen.
Wat seet déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH dozou? Wou verseet de System a wéi kann ee besser mat Jugend-Kriminalitéit ëmgoen?
Dat froe mer en Dënschdeg de Moien d’Presidentin vun der CCDH. D’Noémie Sadler ass kuerz no 8 Auer eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.