Et wier wierklech kee kritesche Rapport, mee éischter eng Opzielung wat geschitt ass a wat d'Constate sinn.

Dat soen eng Partie Oppositiounspolitiker iwwert d'Nott, déi d'lescht Woch vun der Cellule scientifique vun der Chamber iwwert d'Covid-Pandemie publizéiert gouf. Eng méi detailléiert Analys wier néideg an déi richteg Léiere misste gezu ginn.

De Marc Baum vun déi Lénk vermësst ënnert anerem eng Analys vun eenzele Mesuren déi geholl goufen an der Fro: "Ware se sënnvoll, ware se proportionell, hu se eppes bruecht? Wa se eppes bruecht hunn, kann een dat als positiv zréckbehalen, wann een awer mierkt datt se disproportionéiert sinn, ass dat eppes wou een an Zukunft muss drop oppassen."
 
Den Tom Weidig vun der ADR schwätzt vun enger gudder Ausgangsbasis, mee et bräicht een eng kritesch Analys vun onofhängegen Experten: "Eisen Androck ass, datt d'DP, déi Gréng an d'LSAP esou en Expertegrupp fäerten an d'CSV schéngt déi Debatt net méi wëllen opzemaachen, obwuel se an der Oppositioun nach sou e Grupp gefuerdert haten." 
 
Verschidde Conclusiounen kéint een awer zéien, seet de Sven Clement an nennt ënnert anerem d'Inegalitéiten am schoulesche Beräich, déi sech verstäerkt hunn: "Et kann een och trotz all der Mataarbecht vun der Chamber sech virun Aen féieren, datt net alles unanime gestëmmt gouf. Déi kritesch Froen zum Beispill, wéi et iwwert 3G an 2G+ Systemer gaangen ass, dass keng Äntwerte konnte geliwwert ginn, well keng Fuerschung an deem Beräich bis elo gemaach gouf."
 
De Rapport misst dem Sven Clement no elo genotzt ginn, fir e méi breeden Debat driwwer ze féieren, wéi een an Zukunft mat änleche Situatiounen ëmgeet.  D'Gesondheetsministesch Martine Deprez wäert iwwregens en Dënschdeg an engem RTL-Interview op de Covid-Rapport reagéieren.