Mam Generalstreik haten d'Lëtzebuerger op d'Annonce vum Gauleiter Gustav Simon op d'Zwangsrekrutéierung vu Jonke reagéiert.

Haut viru genee 82 Joer war zu Lëtzebuerg de Generalstreik als Reaktioun op d'Annonce den Dag virdrun, datt jonk Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 bis 24 fir d'Wehrmacht géingen zwangsrekrutéiert ginn. Den Ufank vum Streik war an der deemoleger Liederfabrick "Ideal" zu Wolz. An do gouf haut och un deen Evenement erënnert.

Bei der Gedenktafel virun der fréierer Fabrick a beim nationale Streik-Monument gouf virun allem un déi 21 Leit geduecht, déi an den Deeg nom Streik vun den Nazien ëmbruecht goufen. Grad an dësen Zäite mat engem Krich an der Ukrain wier et wichteg, sech fir d'Fräiheet an de Fridden anzesetzen an un de Courage vun deenen, déi deemools gestreikt hunn z'erënneren, esou de Message e Samschdeg de Moien zu Wolz.

Andréck vun der Gedenkzeremonie

D'Annonce vum Gauleiter Gustav Simon, datt d'Lëtzebuerger Joergäng vun 1920 bis 1924 an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert géinge ginn, huet d'Faass zum iwwerlafe bruecht. Den 31. August 1942, also just een Dag dono, gouf zu Lëtzebuerg ee Generalstreik organiséiert. Hiren Ufank huet d'Aktioun zu Wolz geholl a sech spéider iwwert dee ganze Grand-Duché ausgebreet. 82 Joer méi spéit gouf zu Wolz un dat Evenement erënnert.

Mat enger Masse an der Porkierch zu Nidderwolz hunn d'Festivitéite fir den 82. Anniversaire vum Generalstreik ugefaangen. Duerno goufe bei der Gedenktafel virum Gebai vun der fréierer Ideal-Liederfabréck, wou de Streik géint hallwer 6 moies ugefaangen huet, Jerben néiergeluecht. Datt d'Aarbechter queesch uechter Lëtzebuerg aus Protest hir Aarbecht néierleeë géingen, domadder haten déi däitsch Besatzer net gerechent.

Luca Wiltgen (Historiker): "De Streik hat d'Land fir eng kuerz Zäit zum Stëllstand bruecht a war d'Resultat vun engem kollektiven Effort, deen esou bis haut warscheinlech eemoleg an der Lëtzebuerger Geschicht ass. Déi däitsch Besatzer waren, wéi ee sou schéi seet, kal erwëscht ginn an dat klengt Land, dat den 10. Mee 1940 an engem Moien iwwerrannt gouf, huet gewisen, datt och Nazi-Däitschland verwondbar war."

Ma déi brutal Reaktioun sollt awer net laang op sech waarde loossen. 21 Leit, déi vun deenen Däitschen als Haaptresponsabel vum Streik ausgemaach goufen, goufen Ufank September vun engem Standgericht zum Dout verurteelt an ëmbruecht. Dorënner och de Papp vum mëttlerweil 97 Joer alen Albert Worré.

Albert Worré (Bouf vum Michel Worré): "Wéi de Streik war, ech si moies, also ech war zu Dikrech am Kolléisch, well ech war an der Stad erausgeflunn, well ech net an d'Hitler-Jugend gaange sinn, do war ech zu Dikrech, do sinn ech ugeholl ginn. An do war ech moies mam Zuch, du sinn ech zu Ettelbréck ukomm an dunn hu Leit mer gesot, géi heem bei deng Mamm, well däi Papp ass erschoss ginn. Dunn hunn ech deen nächsten Zuch geholl, ech hu geduecht, dat muss de denger Mamm soen."

Spéider gouf d'Famill Worré, wéi vill anerer, an Osteuropa ëmgesidelt, wéi déi Däitsch et genannt hunn. Hie schwätzt par Konter vun Deportatioun.

79 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich sinn net méi vill Zäitzeien ënnert eis, dowéinst wier et ëmsou méi wichteg, d'Erënnerung un d'Evenementer aus där Zäit um Liewen ze erhalen. An dat wier och keen utopescht Zil.

Guy Dockendorf (Vize-President vum Comité pour la mémoire de la 2e Guerre mondiale): "Ënnerstëtzt déi Jugendlech, well déi jonk Leit brauche mir net méi ze motivéieren. Nach ni hu sou vill Schoulen, sou vill Schülerinnen a Schüler, sou vill Enseignanten esou vill Interessi opbruecht fir dat, wat am Zweete Weltkrich war a wat duerno geschitt ass."

Méi wéi eng Kéier gouf haut zu Wolz de Lien tëscht dem Zweete Weltkrich an dem aktuelle Krich an der Ukrain gemaach. De Grand-Duché géing och dowéinst un der Säit vun der Ukrain stoen, well ee wéisst wéi et ass, vun engem groussen Noper iwwerfall ze ginn, esou de Chamberpresident Claude Wiseler. A mam Generalstreik hätten d'Lëtzebuerger mat hire Moyene géint d'Occupatioun protestéiert.