D’EU soll méi resilient a méi onofhängeg ginn. Dat ass eent vun den Ziler vum Critical Medecines Act. En Dënschdeg 20. Januar gouf d’Gesetz fir kritesch Medikamenter mat grousser Majoritéit am Europaparlament ugeholl. Spéitstens Enn vum Joer soll et a Kraaft trieden.
Als kritesch gëlle Medikamenter, déi fir de gudde Fonctionnement vum Gesondheetssystem wesentlech sinn a wou Patienten am Fall vun Enkpäss schwéier gesondheetlech Schied riskéieren. Alldeeglech Medikamenter vun ëffentlechem Interêt, grad wéi “deier, innovativ Medik fir d’Behandlung vu Kriibs, et geet awer och ëm Medikamenter fir rar Krankheeten a – wichteg – et geet och ëm Antibioticken”, erkläert d’Tilly Metz. D’Europadeputéiert vun déi Gréng huet als Rapportrice um Gesetz geschafft.
Engersäits geet et laangfristeg drëm, d’Produktioun vu kritesche Medikamenter nees an Europa zréckzekréien. Heifir si spezifesch Ënnerstëtzunge virgesinn. “Ënnerstëtzung an der Ëmsetzung vun EU-Reglementer. Et gëtt och eng ‘fast procedure’, datt déi méi schnell kënnen Autorisatioune kréien. Et geet awer och ëm finanziell Ënnerstëtzung”
Méi kuerzfristeg Wierkung weisen, kéint awer d’Méiglechkeet, datt EU-Memberlänner an Zukunft zesummen Ausschreiwunge fir wichteg Medikamenter kënne maachen. Doduerch kéinten d’Medikamenter méi accessibel ginn an och méi bëlleg. Besonnesch kleng Länner wéi Lëtzebuerg wäre bei Medikamentenenkpäss op Zesummenaarbecht ugewisen, betount d’Tilly Mëtz. Och wat de Stockage vu Medikamenter ugeet, huet d’Parlament den 20. Januar fir méi Kooperatioun gestëmmt. “Do kann et souguer esouwäit goen, datt e Land zum Beispill Däitschland, wat enorm Stockagen an engem gewësse Medikament huet - komm mir huelen d’Beispill vu Paracetamol fir Kanner - gesot kritt ‘majo Lëtzebuerg, do ass e Mangel. Du muss elo Lëtzebuerg ënnerstëtzen, an deem Paracetamol fir Kanner ginn’.”
Medikamentenenkpäss, en Thema, mat deem d’Apdikter dagdeeglech befaasst sinn. Bestëmmten Antibioticken, Bluttdrockmëttel, Anti-Depresseuren, Hormoner fir d’Fraen... Dat sinn nëmmen e puer Beispiller vu Medikamenter, déi ëmmer mol nees feelen. Fir Ersatz ze fannen, bedeit ee gewëssen Opwand. Europäesche Statistiken no verbréngt en Apdikter an der Moyenne 11 Stonnen an der Woch domadder, fir alternativ Léisunge fir d’Patienten ze fannen. D’Claude Hostert-Peiffer begréisst d’Initiative vun der EU. Se wär noutwenneg gewiescht, fënnt d’Administratrice aus dem Syndikat vun den Apdikter. “Ech denken awer, datt et nach eng Partie Jore wäert daueren, bis mer dat um Terrain spieren. Well mir wëssen, datt vill Produktioun ausgelagert gouf, datt vill Moleküllen aus Asie kommen. Sief et China, Indien oder aner asiatesch Länner. Fir d’Produktioun nees méi an Europa ze verlageren, wësse mer, datt dat Jore kann daueren. Zéng Joer oder méi.”
D’Méiglechkeet, fir Abléck an d’Stocke vun aneren EU-Memberlänner ze kréien an am Fall vun Enkpäss vu Länner mat gudde Stocke kënne beliwwert ze ginn, wär do vläicht méi séier ëmzesetzen, hofft d’Apdiktesch. Allerdéngs gefält dës Obligatioun am Gesetz, fir Deeler vun Medikamenter Stocken erauszeginn, net allen EU-Memberen. Deemno ass nach net sécher, ob den EU-Conseil dee Wee iwwerhaapt matgeet.
Och Representante vun der Pharmaindustrie begréissen den EU-Critical Medecines Act. Allerdéngs géifen ze vill Medikamenter ënnert dem Europaparlament seng Definitioun vu kritesche Medikamenter falen, fënnt de Romain Labé. De Generalsekretär vun Innovative Medecines for Luxembourg hofft, datt do an de Verhandlungen nach nogebessert gëtt. “Pour qu’on aille vraiment vers l’essentiel qui est s’assurer un marché européen attractif pour l’industrie et garder l’efficacité de l’industrie pour assurer la disponibilité des médicaments jusqu’au patient.”