
Fir méi Logementer op de Maart ze kréien, gëtt scho länger iwwert eng Mobiliséierungs- an eng Grondsteier geschwat. Deen entspriechende Gesetzesprojet läit mëttlerweil vir. Um Méindeg huet sech de Gemengsyndikat Syvicol mam Thema beschäftegt an do sinn d’Meenungen nawell ausernee gaangen.
Ma ugefaange mat deem Punkt, op deem ee sech eens war, an zwar bei der Mobiliséierungssteier. Et géing een d’Situatioun um Logementsmarché kennen an et wéisst een, datt eppes geschéie misst. Nodeems déi éischt Versioun vum Gesetzesprojet nach vill Raum fir Interpretatiounen an domadder och fir potenziell Plainte vu concernéierte Leit gelooss hätt, wier dat beim iwwerschafften Text net méi de Fall, wéi de Syvicolpresident Emile Eicher erkläert.
“Et gëtt ganz genee differenzéiert. Et gëtt gekuckt, ob dat bebaut ass, ob ee Wunnhaus drop ass, dann ass et kloer. Wann et awer lo eng Annex ass, déi op engem groussen Terrain ass, da gëtt déi Annex erausgerechent a wann et een Terrain ass, deen esouwuel an der Zone verte wéi och an der Bauzon ass, da gëtt deen Deel vun der Zone verte erausgerechent. An dann hänkt et nach dovunner of, ob ee lo an engem Nouveau quartier oder an engem Quartier existant.” Dat géing virun allem vill Aarbecht fir de Kadaster bedeiten, dee lo genee ausmoosse misst, zu wéi engen Deeler een Terrain a wéi eng Zon fält.

Wärend d’Gemenge bei der Mobiliséierungssteier keen Afloss op d’Héicht hunn, ass dat bei der geplangter Grondsteier anescht. Am Ufank war eng Forschett virgesinn, an där sech d’Gemengen hätte beweege mussen, fir d’Héicht vun där Steier ze fixéieren. Déi Forschett ass elo awer ewechgefall, sou datt d’Gemengen an hirer Decisioun ganz fräi wieren.
“Et ass effektiv esou, datt d’Autonomie communale elo komplett spillt, no deem Gesetz. Dat heescht, datt déi eng sou wäit kënne goen, datt se soen, mir setzen eng Null drop, mir setze guer keen Taux drop an an anerer setzen een drop, deen d’Leit vläicht un s’Schweesse bréngt. Ech hoffen, datt mer, wa mer déi Testphas duerchlafen, gesinn, wat effektiv um Terrain erauskënnt, well réischt da kann een objektiv soen, wéi faktuell déi Berechnung gemaach gëtt oder och net.” Bei der Bewäertung dovu sinn d’Meenungen am Syvicol-Comité ausernee gaangen. Sou huet de Monnerecher Conseiller Claude Clemes gemengt, et sollt ee frou sinn, wann d’Autonomie communale respektéiert gëtt. Den Dan Biancalana, ee vun de Vizepresidente vum Syvicol, schwätzt sech par Konter fir eng kloer definéiert Forschett aus.“Mir hunn awer ee Beispill um Niveau vun der Gewerbesteier, wou och ee Minimum an ee Maximum vun Taux fixéiert ass, an deem mer eis entspriechend kënne beweegen. Een analoge System fir déi nei Grondsteier wier gutt gewiescht an hätt virun allem och evitéiert, dat mierkt ee jo lo, datt um Niveau vun den Nopeschgemengen och mol heiansdo eng Surenchère geschitt, dat wier mat enger Forschett evitéiert ginn.”
De Syvicol u sech huet iwwerdeems keng Positioun bezunn, mee verweist just dorobber, datt en a sengem éischten Avis net gefuerdert hat, d’Forschett aus dem Text erauszehuelen. Ze bemierken ass nach, datt just Gemengen eng Grondsteier erhiewen dierfen, déi ee PAG no der Mouture vun 2017 hunn. Siwe Gemengen erfëllen dee Krittär nach net, wärend der sechs nach ee PAG vun der Versioun aus dem Joer 2004 hunn, huet Duelem esouguer nach een no der Versioun vun 1937.
Ma egal aus wéi engem Joer de PAG ass, d’Gemenge mussen nach eng Zäit waarden, bis se d’Grondsteier akasséieren dierfen. Well esouwuel d’Grond- wéi och d’Mobiliséierungssteier sollen no enger Testphase réischt 2030 eng éischte Kéier richteg erhuewe ginn.