"Léierin ass mäin Dramberuff"
D'Léierin, déi e Cycle 4 betreit, also e 5. oder 6. Schouljoer, freet sech wéi e klengt Kand op d'Schoulrentrée. Well dann ass nees "Liewen an der Schoul".
Zu Nidderaanwen am Centre Scolaire "Am Sand" hunn ech d’Andrée Schummer begéint. Déi haut 59 Joer al Fra freet sech ewéi e klengt Kand op d’Schoulrentrée. "Endlech ass dann nees Liewen hei an der Schoul", esou d’Léierin. "Mat de Kanner erëm ufänke mat schaffen, si erëm ze gesinn an Diskussioune mat hinnen ze féieren. Dat gëtt flott". Esou eng ganz begeeschtert Schouljoffer am RTL-Gespréich. De Cycle 4 huet hir et ugedoen. Dat heescht, dat fréiert 5. a 6.Schouljoer.
Scho mat 12 Joer wousst d’Andrée Schummer, dass si wéilt Schouljoffer ginn. Dat louch hir wuel och am Blutt. Der Andrée Schummer hir Mamm huet Schoul zu Jonglënster gehalen an hire Bopa war Schoulmeeschter zu Esch am Quartier Brill. "Wann ech am Lycée schoulfräi hat, war ech bei menger Mamm an der Klass". Sou erzielt eng ganz begeeschtert Schouljoffer hir Zäit als Jugendlech zu Jonglënster.
"Virton waren déi 3 flottste Joren"
Der Andrée Schummer hire Parcours bis zur Schouljoffer war alles anescht ewéi typesch. Mat 36 Joer ass si nach eemol selwer an d’Schoul gaangen. Well si hir Première an der Belsch zu Neufchâteau gemaach huet, konnt si mat deem Diplom net zu Lëtzebuerg studéieren. "Déi éischt 10 Joer hunn ech emol als Chargée geschafft". Duerno huet hir Mamm der deemools jonker Fra d’Méiglechkeet duerch eng Ierfschaft ginn, fir d’Schoul fir Schouljoffer an der Belsch nozehuelen. "Virton war fir mech super. Et war eng fantastesch Zäit", schwäermt d’Léierin aus dem Fondamental. Zu deem Zäitpunkt war d’Andrée Schummer scho Mamm vun zwee klenge Kanner. 2 a 6 Joer al. "Mir waren zu enger hallwer Dose méi eelere Semester zu Virton. Mir haten tëscht 35 a 40 Joer".
"Vun der Europaschoul bis op Nidderaanwen"
Wärend 10 Joer huet déi ganz dynamesch Fra an der Europaschoul geschafft. Duerno goung et an de Schengenlycée, ier si an déi éischten international Schoul schaffe goung. Zanter mëttlerweil 6 Joer ass d’Andrée Schummer zu Nidderaanwen als Léierin aktiv.
19 Schüler huet Si vun e Méindeg un an der Klass sëtzen. Am Cycle 4.2, dem fréiere 6.Schouljoer. "Et ass en Zäitgewënn, wann een d’Kanner nom Cycle 4.1 och nach dat Schouljoer drop huet. Si kennen den Dagesoflaf a wëssen zum Beispill, dass den orangë Classeur dee vum Franséischen ass", esou d’Schouljoffer am Interview.
Zanter elo zwou Wochen huet d’Andrée Schummer dat neit Schouljoer preparéiert. Ënner anerem huet si e Plang gemaach, wéi d’Kanner an der Klass sëtze wäerten.
"Fréier gouf doheem geléiert an d’Hausaufgabe gemaach"
"Wann een heemkomm ass, si fir d’éischt Hausaufgabe gemaach ginn. Haut sollen d’Elteren eng Ënnerschrëft op eng Plaz maachen an do steet dann och, wat d’Kanner dann nach musse maachen, wat si an der Schoul net fäerdeg kritt hunn. An dann ass ganz dacks dat trotzdeem net gemaach", sou d’Andrée Schummer. Dëst fënnt si ganz schued. Si mécht den Elteren domadder kee Virworf. Si hätte wuel däi Zäit net méi dofir, fir ze kontrolléieren, ob d’Kanner hir Aufgabe gemaach hätten.
Déi nei Technologien, déi an der Schoul zum Asaz kommen, wären ënner anerem déi grouss Changementer zu fréier.
"Wann een de Beruff nëmme wéinst de Vakanze mécht, soll een d’Fangeren dovunner loossen"
Kloer Wierder vun der erfuerener Schouljoffer Andrée Schummer. Si hänkt mat hirem ganzen Häerz un dësem Beruff, deen allerdéngs och vill changéiert hätt.
"Wéi de Paschtouer oder de Buergermeeschter aus dem Duerf. Sou gouf fréier d’Léierpersonal vun de Leit als Respektspersoun ugesinn". Dat wär hautdesdaags net méi esou, verréit mir d’Andrée Schummer wärend eisem Gespréich.
"D’Pensioun steet virun der Dier"
Fir d’Andrée Schummer, déi och schonn houfreg Boma ass, ass dës Schoulrentrée déi Zweetleschten. "Ech hat ni d’Flemm, fir Schoul ze halen", seet d’Schouljoffer vun Nidderaanwen. "Traureg sinn ech awer och net, wann ech an d’Pensioun goe kann. Alles huet seng Zäit." esou déi 59 Joer al Enseignante. "Mech ëm d’Enkelkanner këmmeren a mengem Hobby nogoen. Am Glas schaffen", esou beschreift si hir Pläng fir d'Pensioun.
Bis dohinner ass awer nach e bësschen. Elo freet si sech emol op d’Rentrée vun e Méindeg.