D'Aude Gastauer ass Kinesitherapeutin a spezialiséiert op schwanger Fraen a Mammen. Am Summer war si fir e Projet am Kenia.

D’Aude Gastauer ass virun e puer Joer zesumme mat hirem Mann, dem fréiere Cyclist Ben Gastauer, op Schëffleng geplënnert. Déi zwee hu selwer zwee Kanner.

Dëse Summer huet d’Kiné eng besonnesch Erfarung am Kenia gemaach, wou si gehollef huet, Kanner op d’Welt ze setzen. Ma och wollt si eng nei, nach net vill erfuerschten Technik kenneléieren, wéi een d’Gebuert per Cesarienne fir d’Fra méi angeneem maache kann.

Cesarienne wier fir vill Frae keng flott Erfarung

An hirem Cabinet betreit d’Aude Gastauer am Prinzip nëmme schwanger Fraen oder Fraen, déi viru kuerzem Mamm gi sinn. D’Nofro wier enorm grouss an et géif ee mierken, dass een och als Kiné ville Frae kéint wärend an no der Schwangerschaft hëllefen.

D’Aude Gastauer schwätzt Lëtzebuergesch, am Interview huet si awer léiwer op Franséisch geäntwert:

"Les mots que moi j’entends après ces césariennes, c'est souvent 'j’ai pas accouché, on m'a arraché mon bébé de mon ventre', c'est des mots qui sont très durs et très crus, et c’est pas du tout la majorité des femmes. Donc la majorité des femmes qui accouchent ici par césarienne le vivent bien, mais j'avais à peu près une femme sur trois qui vivait un traumatisme au moment d'une césarienne."

Wann e Gynekolog e Keeserschnëtt mécht, géif d’Sécherheet vu Mamm a Kand ëmmer am Vierdergrond stoen. Et dierft een awer net vergiessen, dass et och ëmmer eng Gebuert wier an eng Renconter tëscht Mamm a Bëbee wier, esou d’Aude Gastauer.
 
Aus dësen Iwwerleeungen an Erfarungen eraus hätt si sech informéiert, wat et u Méiglechkeete gëtt, fir dës éischt Begéinung vum Puppelche mat der Mamm méi angeneem ze maachen. Vill hätt si net fonnt, wier awer op eng Gynekologin vu Versailles opmierksam ginn.

"Am Kenia hunn ech vill glécklech Mamme gesinn"

Déi franséisch Doktesch notzt eng Zort Réierchen, an deen d’Frae wärend der Gebuert dra blosen an esou géife se d’Gefill kréien oder och aktiv bei enger Cesarienne hëllefen, d’Kand aus dem Bauch ze kréien. Dokteren aus Kenia wieren dorop opmierksam ginn an d’Aude Gastauer krut d’Méiglechkeet, mat enger Ekipp vun der Dr. Bénédicte Simon eng Rei esou Gebuerten ze erliewen. Am afrikanesche Staat gëtt et keng Gesondheetsversuergung. D’Leit mussen deemno d’Dokteren oder d’Spideeler direkt bezuelen.

"Donc l'hôpital est intéressé pour avoir des femmes qui vivent bien leur accouchement et qui racontent aux autres femmes qu' il faut aller dans cet hôpital là. Et l 'hôpital est aussi intéressé parce que les césariennes qu'on a fait là-bas, en fait, elles demandent un peu moins d'anesthésiants. Donc ça leur coûte moins cher."

Zil vun der Kiné wier et, dass och zu Lëtzebuerg iwwer déi Méiglechkeet geschwat gëtt. Si hätt och Efforte gemaach, mat Spideeler a Gynekologen ze schwätzen. Et wier e gewëssen Interessi an Oppenheet do gewiescht. "Am Kenia hunn ech vill glécklech Mamme gesinn", esou d’Aude Gastauer.

Am Kenia sinn d'Leit sech nach méi der Gefor vu Komplikatioune bewosst, d'Cesarienne gëtt dacks als Rettung gesinn. Zu Lëtzebuerg wier dat manner de Fall, e Keeserschnëtt gëtt dacks als Echec gesinn. Fir déi Professionell ass et dofir wichteg, esouvill wéi méiglech ze maachen, fir d'Gebuert fir déi zukünfteg Famill esou schéi wéi méiglech ze gestalten.

An de leschte Jore sinn och an de Spideeler zu Lëtzebuerg vill Efforte gemaach ginn, fir d'Gebuerten duerch Cesariennen ze verbesseren.
Dat ënnert anerem duerch Coursen, déi op d'Gebuert virbereeden oder och der Méiglechkeet matzepresse bei enger Gebuert per Keeserschnëtt, dat gëtt beispillsweis an der Clinique Bohler gemaach.