Handyverbuet a Grondschoulen, Adaptatioune punkto Inclusioun a weider Annoncen
An de Lëtzebuerger Klassesäll gëtt dëser Deeg d'Rentrée preparéiert. Bei de Changementer stécht natierlech besonnesch d'Verbuet vum Smartphone eraus.
Et kënnt een net méi laanscht d'Thema Handy an der Schoul. Nom Lycée Ermesinde hat jo och d'Europaschoul en Handverbuet agefouert.
Och an de Grondschoulen ass den Handy antëscht zum Problem ginn an do wéilt een elo entgéintwierken. De Smartphone gëtt dann och an alle Grondschoule vun Ouschteren d’nächst Joer u verbueden.
Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Moie bei der Presentatioun vun der Schoulrentrée bekannt gemaach.
"Iergendwou si mer momentan an der Situatioun, datt dat et engem scho Suerge muss maachen, esou en exzessiven Handy-Konsum, och d'sozial Medien vu Kanner, vu Jonken an dat och an engem Alter schonn, deen eigentlech net méi gutt ass. An do muss och d'Schoul ëmdenken an d'Schoul muss sech kloer Reegele ginn"
Den exzessive Gebrauch vum Handy géing fir d'Schüler vill Risike mat sech bréngen. Den Detail soll mat den Acteure vum Terrain ausgeschafft ginn. D'Verbuet gëllt och fir Maison-Relaisen.
Am Lycée muss wärend dem Unterrecht eng physesch Distanz tëscht dem Smartphone an dem Schüler garantéiert ginn. D'Lycéeë kënne selwer Reegelen definéieren. Dat kann och zu engem allgemenge Smartphone-Verbuet am Gebai féieren. D'Lycéeën hunn Zäit, hir Konzepter bis Péngschten auszeschaffen oder z'adaptéieren.
Alphabetiséierung op Däitsch oder Franséisch soll fir d'Rentrée 2026/27 generaliséiert ginn
Eng aner Annonce ass déi, datt et vum Schouljoer 2026/27 un - also an zwee Joer - eng generell Alphabetiséierung op franséisch méiglech soll sinn.
"Ech denken, datt dat net déi eenzeg gréisser Reform an dëser Legislaturperiod wäert sinn, et ass awer déi gréissten. Et ass déi aschneidendst, et ass déi nohaltegst, well se fundamental fir méi Gerechtegkeet an eisem Schoulsystem wäert suergen"
Aktuell lafe Pilotprojeten a 4 Schoulen an d‘Evaluatioune wiere bis ewell positiv.
Vun der adr gouf et an deem Kontext entretemps scho Kritik. De Fred Keup reprochéiert dem Educatiounsminister op de soziale Medien dës "massiv Reform" ouni déi Bewäertung "duerchzeboxen", déi e versprach hat. Dat wier onéierlech an irresponsabel.
Och Adaptatiounen a punkto Inclusioun annoncéiert
Ënner anerem ginn an dësem Schouljoer 9 regional Antenne vu Kompetenzzentere geschaaft ginn. Fir de Fondamental wäerte 50 Assistente rekrutéiert ginn, fir Kanner mat spezifesche Besoinen ze hëllefen. Allerdéngs géing ee generell feststellen, datt d‘Inclusioun awer plazeweis un hir Limitte géing stoussen.
"Och wa mer de Prinzip vun der Inclusioun absolutt net a Fro wëlle stellen, stellt awer d'Fro sech, ob d'Kanner vollzäit ëmmer zu all Moment, iwwert de ganzen Dag, iwwert déi ganz Woch beschoulbar sinn an ob mer net do musse kucken, wéini geet dat a wéi wäit geet dat a wou kënne mer dat gutt assuréieren? An op där anerer Säit awer och kucken, wat d'Kanner, wat déi dote Kanner och brauchen."
Fir doropper ze reagéieren, ginn an dësem Joer 3 weider Centres socio-thérapeutiques opgemaach. A punkto Reform vun der „Voie de préparation“ sollen no der Allerhellegevakanz d‘Resultater vun enger Enquête publizéiert ginn.
Reaktioun Elterevertriedung
De President vun der nationaler Elterevertriedung Alain Massen begréisst an enger éischter Reaktioun um RTL-Mikro, datt den Debat iwwert d'Handyverbuet an de Lëtzebuerger Schoulen lancéiert ass. D'Eltere missen awer bei der Ausschaffung vun de Konzepter onbedéngt mat agebonne ginn. Den Handy wier net méi aus der Gesellschaft ewechzedenken. Duerfir wier et wichteg, deene Jonken e verstännegen Ëmgang mam Handy an aneren Outilen wéi Smartwatchen bäizebréngen.
De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL hat nach dës Woch gefuerdert, Schoule missten Handy-reduzéiert ginn. Deemno seet sech d'Presidentin Joëlle Damé och frou driwwer, datt och de Ministère elo mat op dee Wee geet. Fir déi konkret Ëmsetzung vum Handyverbuet an der Schoul misst ee sech awer onbedéngt deen néidege legale Kader ginn. Grad wéi och Sanktiounsméiglechkeeten. D'Schoule kéinten dat do sécher net eleng stemmen. Ma d'Ëmsetzung géif och just mat de Schoulen zesumme goen.
Déi flächendeckend Aféierung vun der Alphabetiséierung op däitsch a franséisch vum Schouljoer 2026/2027 u gesäit den SEW weider skeptesch. D'Fro wier, ob all Schoul, all Gemeng bis dohinner déi néideg Ressourcen (Säll a Personal) huet fir dat ze stemmen. Den Haaptkritikpunkt bleift den Zäitpunkt. D'Kanner aus de véier Schoulen, déi beim aktuelle Pilotprojet matmaachen, wieren elo grad mol réischt am drëtte Schouljoer. Do wier et net méiglech, déi néideg wëssenschaftlech Konklusiounen am Sënn vun der Chancëgläichheet draus ze zéien.