De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Ziviliste vun der Front ze evakuéieren. Eng éischt Missioun mat der Caritas war am Abrëll 2022.

D’Biller vun zerstéierte Stied an Dierfer. Vu Mammen, déi sech, e puer Kierf am Grapp, mat hire Kanner op d’Flucht gemaach hunn. Si hunn direkt am Ufank vun der russescher Invasioun vun der Ukrain de Lëtzebuerger Philippe Jacob net kal gelooss.

Deen Ament huet de Kruuchtener nach zu Bréissel op der ULB studéiert. Wärend der Vakanz, am Abrëll 2022, ass de Lëtzebuerger dunn eng éischt Kéier op déi polnesch-ukrainesch Grenz gefuer, fir de Leit do ze hëllefen.

Zu Medyka, wou d’Zich a Busser mat Flüchtlinge vu Kiew respektiv Odessa ukoumen, huet hien deemools als Benevole mat der Caritas Hand ugepaakt, Fraen a Kanner gehollef, Wallissen a Kierf ze droen, d’Famillje weider op déi richteg Plazen ze guidéieren. 

"Et gëtt een Deel vun deem Ganzen"

Zwee Joer méi spéit sinn et ronn eng Dose Missiounen am Krichsgebitt. An Tëschenzäit ass de Lëtzebuerger bei der ASBL Lukraine am Asaz, fir déi Fräiwëlleger reegelméisseg ënner anerem Hëllefsgidder, medezinescht Material an och Ambulanzen an d'Ukrain liwweren. Et ass iwwer dee Wee, wéi de Philippe Jacob a Kontakt mat der ASBL koum. 

De Sonndesinterview mam Philippe Jacob: D’Dankbarkeet vun de Leit
De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Zivilisten vun der Front z’evakuéieren.

D’Evakuatioun vun Zivilisten aus Stied an Dierfer direkt un der Front

De Philippe Jacob huet sech op eng net ongeféierlech Missioun spezialiséiert. D’Evakuatioun vun Zivilisten eng 5 bis 10 Kilometer direkt hannert der Front. Am Donbas, wou d’Kämpf tëscht russeschen an ukraineschen Unitéiten den Ament ganz intensiv sinn. A wou d’Russen och déi lescht Woche weider Dierfer ageholl hunn. 

De Sonndesinterview mam Philippe Jacob: Wéi leeft eng Evakuatioun of?
De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Zivilisten vun der Front z’evakuéieren.

"Mir ginn néierens, wou d’Militär eis seet, et wier ze geféierlech. An awer ...!"

Vun der Groussstad Dnipro aus fueren d’Ekippe generell een Dag iwwert deen aneren an Direktioun Front, fir Zivilisten ze evakuéieren. Missiounen, déi moies fréi, iert d’Sonn iwwert de Bierg ass, ufänken. Um 4, 5 Auer geet et lass. Ze fueren si meeschtens zwou an eng hallef bis dräi Stonnen, an dat iert d’Evakuatioun u sech ufänkt. Missiounen déi ëmmer mat de lokalen Autoritéiten ofgeschwat ginn, also Police, Militär-Police a Militär selwer ... "Fir de Risiko ze minimiséieren", sou de Philippe Jacob. Bis d’Ekipp owes nees zeréck zu Dnipro ukënnt, ass et oft Mëtternuecht. 

De Sonndesinterview mam Philippe Jacob: Mir ginn net op "Suicide Mission"
De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Zivilisten vun der Front z’evakuéieren.

E gewësse Risiko bleift ni aus. De Philippe Jacob kommentéiert eng Situatioun "live", wéi hien a seng Ekippen ënner russesche Beschoss geroden. 

De Sonndesinterview mam Philippe Jacob: Evakuatioun ënner Beschoss
De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Zivilisten vun der Front z’evakuéieren.

Et geléngt net ëmmer, all d’Leit aus enger geféierlecher Lag eraus evakuéiert ze kréien. D’Ekippen um Terrain musse sech och dermat offannen, Echecken ze erliewen. Obwuel zum Deel extra gepanzert Gefierer agesat ginn. De Philippe Jacob beschreift, wéi e Papp, virun den Ae vu sengem Bouf, ëm d’Liewe kënnt. 

De Sonndesinterview mam Philippe Jacob: E Familljepapp kënnt ëm d’Liewen.
De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Zivilisten vun der Front z’evakuéieren.

"Ouni den Dominic géif ech net méi erausfueren"

Eng gewëss Angscht, datt eng Missioun schifgeet, ass ëmmer am Hannerkapp. De Lëtzebuerger Philippe Jacob schafft ëmmer zesumme mat engem amerikaneschen Infirmier. Den Dominic Figueres ass op Noutsituatiounen trainéiert. Hien huet eng sougenannt "Tactical Combat Casualty Care"-Formatioun. Alle béid kenne sech zanter Abrëll 2022, wou se op der polnescher Grenz ukrainesch Flüchtlingen d'Wallisse gedroen hunn.

De Sonndesinterview mam Philippe Jacob: Mir kënnen net jiddereen erausbréngen.
De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Zivilisten vun der Front z’evakuéieren.

Zanter 7 Méint gi Mënschen aus den Dierfer ronderëm Pokrovsk evakuéiert. D’Lag op der Plaz evoluéiert alt zwee Mol bannent engem an deem selwechten Dag. Soubal Artillerie an engem Duerf aschléit, rabbelt bei de Coordinateuren den Telefon: "Kommt ons wann ech gelift sichen."  Leider géife vill Leit bis op de leschte Stëppel waarden, iert se d’Entscheedung huelen, vun doheem fortzegoen. Wat den Equippen, déi d’Evakuatiounen duerchféieren, d’Aarbecht net erliichtert.

Dem Philippe Jacob säi gréisste Wonsch: "Ech wéilt am léifsten, dass dat hei sou schnell wéi méiglech eriwwer wier"

De Sonndesinterview mam Philippe Jacob: Dem Philippe Jacob säi Wonsch
De Lëtzebuerger Philippe Jacob hëlleft an der Ukrain, Zivilisten vun der Front z’evakuéieren.

An Tëschenzäit versteet de Philippe Jacob Basis-Ukrainesch a kritt sech verständlech gemaach. Studéiert huet de Kruuchtener e Master a Kommunikatioun, op der ULB zu Bréissel. Just de Memoire bleift nach ze schreiwen. Wéi vill aner Studente kéint hien dat zu Lëtzebuerg maachen.

Sai Choix ass awer anescht ausgefall. Als Theema huet hie sech d’Kommunikatioun vu méi klengen ONGen um Terrain, am Kader vum Krich an der Ukrain, erausgesicht. No 5 Méint am Donbas huet de Philippe Jacob geplangt, fir Enn Januar zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.