"CSV-Inneminister soll mat grénger Kuschelpolitik ophalen"
D'ADR kuckt bei hirer Rentrée ënner anerem op d'Sujete vum Wuesstem, der Sécherheet an der Alphabetiséierung op Franséisch.
"Mir hunn e grousse Problem, deen awer leider hei am Land net ëmmer esou ugeschwat gëtt, wéi ee sech dat géing wënschen", sot den ADR-Deputéierte Fred Keup en Dënschdeg bei der Presentatioun vun de wichtegste Punkte fir d'Rentrée parlementaire.
D‘Gewaltakte wieren an de leschten 20 Joer staark geklommen, an dat iwwerproportional zum Bevëlkerungswuesstem. Virun 2 Joer hätt den CSV-Deputéierte Léon Gloden nach gesot, dass et misst eriwwer si mat der "grénger Kuschelpolitik", ugespillt op d'Politik vum deemolege Policeminister Henri Kox (déi Gréng). Elo misst een awer feststellen, dass de Léon Gloden mat der „grénger Kuschelpolitik“ géing weiderfueren. "Am Fong huet sech net vill geännert. Et ass eng Police locale agefouert ginn, wou kee richteg weess, wat et elo soll bréngen“, huet de Fred Keup betount.
Kritiséiert gëtt, dass ee keng Statistiken am Domaine vun der Kriminalitéit géing kréien. Wann een d'Kriminalitéit wéilt bekämpfe, misst ee schliisslech och wësse, wou se hierkënnt. Hei huet hien op d‘Beispill vun de Grenzkontrolle verwisen, déi an Däitschland rezent nees agefouert goufen. „Wann der keng Statistiken hutt, wou d‘Leit hierkommen, wann se aus dem Ausland kommen, da kenn der jo guer näischt dogéint maachen“, huet de Fred Keup gemengt.
Alphabetiséierung op Franséisch
E weidere Sujet, deen der ADR ënnert den Neel brennt, ass dee vun der Alphabetiséierung op Franséisch, déi an 2 Joer jo scho soll generaliséiert ugebuede ginn. Dëst hätt déifgräifend Auswierkungen op d‘Land mengt d‘Partei. „D‘Schoul ass de berceau vun der Integratioun hei zu Lëtzebuerg. Fir d‘Gesellschaft ass dëst eng Katastroph, well domat d‘Sozialkohäsioun op d‘Spill gesat gëtt“, esou de Fred Keup. Schüler géingen automatesch getrennt ginn: Déi eng Däitsch, déi aner Franséisch. Doriwwer eraus fäert een, dass den Niveau vun de Schoule wäert erof goen, an d‘Schüler net méi spéider déi 3 Landessprooche beherrschen.
Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch krut e kuerze Luef par Rapport zum CSV-Inneminister Léon Gloden, dass een hei op d‘mannst Statistike vum Ministère kritt, déi ee géing ufroen. Kuerz dono gouf dësen awer als onéierlech duergestallt. De Minister hätt gesot, d'Alphabetiséierung op Franséisch eréischt flächendeckend unzebidde wann Etüde weisen, wat d'Auswierkungen op d'Schüler an d'Gesellschaft wieren. "Dat kann een awer eréischt moossen, wann d'Schüler bis an de Lycée ginn. Eigentlech och eréischt, wa se hir éischt Joer am Lycée gemaach hunn. Also net virun 2030“, huet de Fred Keup betount.
Infrastrukture packe Wuesstem net
An der knapp 40 Minutte laanger Presentatioun stoung dann och nach d'Thema vum Wuesstem vun der Bevëlkerung um Programm. Hei gouf drop higewisen, dass d‘Infrastrukturen, vun der Schoul iwwert d'Gesondheetsversuergung, de Wuesstem net géinge packen. D'Migratioun wier dann och Schold un der Wunnengsnout am Land. Et misst een emol kucken, wien een am Land wéilt hunn. "Mir kënnen net jiddereen hei ophuelen, a jidderengem eng Wunneng an déi Infrastrukture bidden. Mir sinn um Bord vun deem, wat méiglech ass. Dat ass a Lëtzebuerg, an Däitschland an an Holland esou“, sot den ADR-Deputéierten.
LGBTIQ+ Sujeten an der Schoul
Kuerz ass de Fred Keup dann och nach op d'Petitioun agaangen, dass manner LGBTIQ+ Sujete sollen an de Schoulen traitéiert ginn. A kuerzer Zäit wieren 10.000 Ënnerschrëfte gesammelt ginn. Dass dono eng Géigepetitioun nach méi séier de Quorum erreecht huet, erkläert hie sech doduerch, dass dës vun engem Mann, dee bei der LSAP schafft, ragereecht gi wier, an dono déi ganz Propagandamaschinn ugaange wier fir dës ze promouvéieren. Dëst och iwwer ONGen, déi Net-Regierungsorganisatioune wieren, mee vun dëser bezuelt ginn. Dass verschidde Politiker aus alle Wolleke gefall sinn, dass esou vill Mënsche géing LGBTIQ+ Sujeten an de Schoule sinn, géing weisen, dass si net méi dee richtegen Zougang zu der Populatioun hätten.
D‘ADR wéilt dann awer net just kritiséieren, mee och Alternative proposéieren, am Sënn vun enger konstruktiver Oppositioun. Enn Oktober wäert eng Interpellatioun an der Chamber op Demande vun der ADR sinn, wou et ëm de Gesondheetssystem geet. Méi genee ëm d'Gesondheetsversuergung am ländleche Raum, de Personalmangel an d'Organisatioun.