Virun 2 Joer war e Sträit zu Nidderkuer déidlech ausgaangen. Vun dëser Woch u muss de Verantwortleche sech wéinst Mord viru Geriicht veräntweren.

De 17. Oktober 2022 hat e 74 Joer ale Mann eng Fra vun 62 Joer an e Mann vu 54 Joer op oppener Strooss an der Rue des Trévires zu Nidderkuer mat enger Schroutflënt erschoss. Wéi d‘Situatioun esou konnt eskaléieren an a wéi wäit d‘Dot geplangt war, dat mussen elo d‘Riichter erausfannen. 
 
Wéi d‘Lëtzebuerger Wort schreift, hat den haut 76 Joer alen Ugekloten en Dënschdeg virun de Riichter gesot, seng Noperen hätten hien net liewe gelooss. Fënnef Joer laang hätt hien ënnert der Koppel gelidden. De Moie vum 17. Oktober 2022 hätt hie sech gesot: si oder ech. Hien huet seng Flënt vum Späicher geholl a se an der Poubelle a senger Afaart verstoppt. Dono huet hie seng Trap gebotzt, bis d‘Noperen erauskomm sinn, fir dann op oppener Strooss op si ze schéissen. Nodeems dës blesséiert waren, huet hien nach e Schoss vun nobäi ofginn. Dono huet hien seng Waff mat enger See zerluecht a weider seng Trap gewëscht. D‘Police konnt hien eng hallef Stonn méi spéit verhaften, ouni dass hie sech gewiert huet. 
 
Um zweeten Dag hu verschidden Zeien ausgesot. Jonk Leit, déi ënnert der Wunneng vun deenen zwee Affer am selwechten Duplex gewunnt hunn. Si hunn temoignéiert, permanent vun hiren Nopere schikanéiert ginn ze sinn. "Ech hunn et 18 Méint do ausgehalen, du sinn ech fortgaangen“, sot eng jonk Fra. Si wëll d‘Reaktioun vum Ugekloten net guttheeschen, kéint sech awer virstellen, wéi et esou wäit kéim. Eng aner Fra sot: "Ech hunn nëmme wéinst hinnen d‘Appartement verkaaft. No engem Joer hat ech esou d‘Flemm." Béid Fraen hu vun engem rauen Ëmgangstoun geschwat, vun enger Nopesch, déi alles kontrolléiert huet, a permanent op der Dier stoung. Rechnunge korrekt bezuelen, dat hätt d‘Koppel dogéint net gewollt. Aner Leit aus der Noperschaft hunn dem Expert vun der Police no ausgesot, dass d‘Koppel soll Punaissen op der Strooss verdeelt hunn, wou d‘Kanner mam Vëlo gefuer sinn. Oder dass se Ball, deen op hiren Terrain geflu war, nees platt zréck op d‘Strooss geheit hunn.
 
Den Expert vun der Police huet dann d‘Bild, dat den Dag virdru vum Ugeklote selwer iwwer verschiddene Virfäll gezeechent gi war, souwäit bestätegt. E Sender, deen d‘Signal fir d‘Garagëpaart vum Ugeklote soll gestéiert hunn, gouf et wierklech. Genausou wéi eng Kamera, déi och emol op säin Terrain geriicht war. Eemol wier d‘Police geruff ginn, well seng Tomate mat Salz oder enger anerer Substanz futti gemaach gi waren. Dëst war net déi eenzeg Kéier, wou d‘Police op der Plaz war. Permanent wieren och Bréiwer mat Reklamatiounen un den Noper geriicht ginn. 
 
Bei der Analyse vun engem Laptop duerch d‘Police konnt dann och nogewise ginn, dass den Ugekloten, esou wéi hien ausgesot hat, dobäi gewiescht wier, sech no engem neien Haus ëmzekucken. Hien a seng Fra wollten zu Nidderkuer verkafen an a Portugal plënneren. En Immobilienhändler war och scho kontaktéiert ginn. 
 
Den Expert Psychiater konnt keng psychesch Erkrankung beim Ugeklote feststellen. En hätt gehandelt wéi am Delirium, mä e wier net an esou engem gewiescht, well hie genee wéisst, wat e gemaach hätt. Wann den Ugeklote géing dovunner erzielen, géing hien dat bal maache wéi en Affekot, an dobäi och gestikuléieren.
 
Dem Ugekloten seng Fra hat wärend der Enquête vun der Police gesot, dass hire Mann kéint séier explodéieren, wann e provozéiert gëtt. Mä hie géing sech och nees séier berouegen. Hie wier awer keng béis Persoun a si hätt dat Ganzt net komme gesinn. Eng vu sengen Duechteren hat betount, hie Papp wier impulsiv, ma net aggressiv.