Police18 Joer aalt Kornelia Miriam Wojcik gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg géint 13 Auer gouf dat 18 Joer aalt Kornelia Miriam Wojcik fir d’lescht an der Stad gesinn.

D’Police huet e Mëttwoch den Owend eng Vermësstemeldung erausginn. Déi jonk Fra ass ongeféier 1,60 bis 1,70 Meter grouss, schlank, huet kuerz blond Hoer a schwätzt Polnesch, Englesch a Franséisch. Fir d’lescht hat si eng däischter Box un, e bronge Kaputzepullover a blo Sneakeren. All Informatioune si fir d’Police-Kommissariat um Kierchbierg ënnert der Nummer (+352) 244 47 1000 oder per E-Mail u Police.KIRCHBERG@police.etat.lu respektiv fir den 113.

Back to Top
CIM LOGO