Bannent 6 Méint goufe bei der Caritas 61 Milliounen Euro detournéiert.

Vun do u goung d’Aarbecht lass fir ze kucken, wéi d’Aktivitéite vun der Associatioun kënne gerett ginn.
 
D’Nouvelle huet den 19. Juli ageschloe wéi eng Bomm. D’Caritas huet mat 61 Milliounen Euro méi Sue geklaut kritt, wéi se gemengt huet ze hunn. Dat iwwer divers Kreditlinnen, déi bei zwou Banke gemaach goufen.
 
«Also ech ginn iech meng riets Hand, fir ze soen, dass déi Kolleegen, déi elo ronderëm mech stinn, dass déi verdéngen, dass ee weider u si gleeft», sot den Direkter vun der Caritas, de Marc Crochet den 22. Juli op RTL-Radio.
 
Eng Persoun stellt sech den 22. Juli den Ermëttler. Vill oppe Froe bleiwen. De Premier preziséiert, d’Caritas wier net de Staat. «Mir hunn och decidéiert, dass d’Caritas fir de Moment keen eenzegen Euro vum Staat iwwerwise kritt. Well mer net genee wëssen, wien a wéi vill Leit wat gemaach hunn.», huet de Premier de 24. Juli ënnerstrach.
 
De Parquet schwätzt vu Bedruch duerch de Presidententrick. All Piste gi gekuckt, wei et mat der Caritas kéint weidergoen. Och am Dialog mat de Gewerkschaften. «D’Caritas, ka se et nach maachen? Ginn et villäicht vereenzelt Servicer un aner Prestatairen transferéiert?» Froen, déi d’Nora Back, Presidentin vum OGBL den 2. August gestallt huet.
 
Mëtt September gëtt Hëllef um Terrain gegrënnt. Vun nächstem Joer un iwwerhëlt hei d’Claudia Monti de Poste vum President. “Mir si wierklech eng komplett nei Entitéit, déi eben déi Aktivitéiten iwwerhëlt, déi lo leider net méi kënnenu gebuede ginn, aus deene bekannte Grënn. Mir maache wierklech e komplette Cut», huet si den 13. September ënnerstrach.
 
Déi national Aktivitéite bleiwen erhalen, international Kooperatiounsprojete ginn zu engem Deel gestoppt. Den Ausseminister Xavier Bettel sot den 18. September als Invité um Radio, dass dat eng eesäiteg Decisioun vun der Caritas gewiescht wier. «Et si Sue geklaut ginn, a mir kënnen net einfach elo soen, lo kompenséiere mir. Mir sinn déi, di alles kompenséieren, wat do geklaut ginn ass», sou de Xavier Bettel.
 
Bei der Kommunikatioun schéngt op villen Niveauen den Hick dran ze sinn. D’Mataarbechter héingen an der Loft a wéissten net, u wie sech riichten. Den 23. September brécht eng éischt Mataarbechterin d’Schweigen. “Mir hunn an der Press héieren, dass den Här Billon de Krisecomité verlooss hätt, gëtt et de Krisecomité nach? Ween ass en Charge? Mir hunn absolut null Kommunikatioun kritt. Mir hänke just do a waarden», temoignéiert d’Carole Reckinger hir Situatioun.
 
Zäitweis ass d’Fro opkomm, ob d’Kierch als Fondateur hätt kënnen der Caritas hëllefen? De Kardinol wénkt of. “Mir hätten ni 61 Millioune fräi fir kënnen z’iwwerweisen. Do schwätzt ee vu ganz aneren Ordre de grandeur. Eis Leit, déi mir selwer bezuelen, verdéngen och zum Deel e gutt Stéck manner wéi op der Caritas», sou de Jean-Claude Hollerich.
 
Ageständnesser wéinst schlechter Kommunikatioun kommen no an no. Just een Dag nom Interview mam Carole Reckinger reagéiert d’Presidentin vun der Caritas, d’Marie-Josée Jakobs. «Ech wëll och vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir mech bei jidderengem z’entschëllegen. A fir ze soen, dass et ouni d’Mataarbechter keng Caritas géing ginn», sot si de 24. September an d’RTL-Kamera.
 
An Tëschenzäit koum et zu Perquisitioune wéinst der Affär bei den involvéierte Banken.
 
Ënnert de Gewerkschaftler schéngt een dann net méi ganz op enger Linn. Bei enger OGBL-Informatiounsversammlung kachen d’Gemidder héich. Bei der neier Entitéit Hëllef um Terrain ënnerschreiwen, oder net? “Et huet een den Androck, dass verschidde Leit Partei ergräife mam OGBL an anerer mam Krisecomité. Ech géing soen, déi bescht Léisung ass mam Krisecomité Partei ze halen, well déi effektiv fir eis do sinn an Aarbecht geleescht hunn”, huet de Boris Westemeier, Personaldelegéierte vu Caritas acceuil et solidarité et de 25. September resuméiert.
 
Den 1. Oktober, um éischten Dag, wou Hëllef um Terrain seng Aarbecht ophëlt, waren 324 vun 350 Caritas Mataarbechter dohi gewiesselt. De President vun HUT huet Erklärungen ofginn a gehofft, esou Rou an den Dossier ze bréngen. “Mir hunn Acteuren zu Lëtzebuerg gefrot, ob se d’Accord oder interesséiert wieren, mat unzepacken an Aktivitéiten z’iwwerhuelen, mee mer hu kee fonnt. Ech kann iech soen, et huet keen de Fanger ausgestreckt», huet de President vun HUT, de Christian Billon ënnerstrach. Et hätt een de ganze Summer iwwer, Dag an Nuecht dru geschafft, fir d’Aktivitéiten an d’Aarbechtsplaze vun de Salariéen ze retten.
 
Vun der Caritas bleift haut net méi vill. «Zoustänneg si mer Stand haut nach fir ongeféier 40 bis 50 Leit. Do ass jo dann de ganzen Deel Cooperation internationale dran, wou gekuckt gëtt, fir nach eng Léisung ze fannen. An da sinn nach eng ganz Rei Leit do, déi zum Deel CDDen hunn oder an engem Krankeschäi sinn», huet d’Nathalie Frisch, Member vum Caritas Verwaltungsrot a vum Krisecomité de 4. Oktober ënnerstrach. Fir dës Leit wier een awer optimistesch, dass ganz geschwënn eng Léisung géing fonnt ginn.