Nei Covid-Well: Méi ustiechend a liicht aner Symptomer
Zanter der Rentrée sinn d'Infektiounszuele geklommen. Bei der Santé ass ee weider net besuergt, Risikogruppe solle sech awer mam neie Vaccin impfe loossen.
Haaptsächlech zanter der Rentrée weisen d'Donnéeën aus de Laboen an och d'Analyse vum Ofwaasser, dass et nees méi Covid-Fäll am Land ginn. Et wier een awer nach laang net um Héichpunkt, dee sech elo fir de Wanter erwaart gëtt, seet den Epidemiolog bei der Santé Joël Mossong. Wéi eng Varianten dominéieren aktuell, wat sinn déi heefegst Symptomer a wéi gesäit et Punkto Impfungen aus?
D'Variant KP.3 an Ënnervarianten dovun zirkuléieren aktuell nach am meeschten. Mee et gëtt awer och eng nei Variant XEC, déi no an no zouhëlt.
De Joël Mossong:
"D'Eegenschafte sinn net vill anescht wéi bei de Varianten, déi virdrun zirkuléiert sinn. Se hunn eben de Virdeel, datt se méi Leit kënnen ustiechen, well se d'Immunitéit vun deene Leit, déi de Virus virdrun haten, besser kënnen ëmgoen."
De Virus, deen de Moment zirkuléiert, géif net forcement méi schwéier Fäll ervirruffen. D'Symptomer wiere souguer deels manner schlëmm:
"Vill Leit hu kee Féiwer méi, mee éischter Symptomer wéi bei engem Schnapp: Halswéi, d'Nues, déi leeft. An da gëtt och vill vun den Doktere gesot, datt verschidde Leit éischter den Duerchfall hunn, wéi dat nach am Ufank vun der Pandemie de Fall war."
Risikogruppe solle sech impfe loossen
Déi rezent Recommandatioune vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses si kloer: Bestëmmt Risikogruppe solle sech elo fir d'Hierscht-Wanter-Saison impfe loossen. Persounen iwwer 65 Joer, schwanger Fraen, Leit a Kanner mat Virerkrankungen, déi zu engem schwéiere Krankheetsverlaf féiere kéinten. D'Recommandatiounen, wie sech soll impfe loossen, sinn déi nämmlecht wéi zejoert, erkläert de Joël Mossong.
Et wier iwwerdeems en neien Impfstoff do, deen op der Variant baséiert, déi nach viru puer Méint zirkuléiert ass an dofir och méi virun den aktuelle Variante schütze géif.
D'Impfung kann och an der Apdikt gemaach ginn."Et ass net all Apdikt, déi d'Impfung offréiert. Dir musst d'Formatioun hunn. Et huet net jiddereen d'Manpower, d'Lokaler oder d'Plaz dofir. Mee d'Apdikten, déi matmaachen, hunn alleguer den aktuelle Vaccin", erkläert den Alain De Bourcy, President vum Syndicat vun den Apdikter.
D'Demande vun Impfungen an den Apdikte géif och erëm unzéien, zum Beispill, fir e Rappell ze maache virum Wanter:
"D'Impfzentere si jo de Moment net op. D'Leit kënnen och bei hiren Hausdokter goen, mee net jiddereen offréiert se, well et deelweis méi komplizéiert ass fir en Dokter, nach Impfungen tëscht Rendez-vousen ze maachen. Idealerweis regroupéiert ee puer Leit fir mateneen ze impfen um nämmlechten Dag, fir keng Perte ze hunn, keen Impfstoff mussen ewechzegeheien."
Ween eng Covid-Infektioun hat, sollt sech net an de 6 Méint duerno impfe loossen. Och dowéinst kéint et nach ëmmer interessant sinn, e Covid-Test ze maachen. Et gëtt och combinéierter, déi parallel op d'Gripp testen. Dës wieren awer méi deier an allgemeng manner gefrot.