D'Sue musse virgestreckt ginn
D'Directrice vum Enregistrement huet e Freideg den Deputéierte vun der Finanzkommissioun Detailer iwwer déi reduzéiert Enregistrementskäschte ginn.
1,1 Milliounen Euro fir eng Persoun, respektiv 2,2 Milliounen Euro fir eng Koppel – sou deier kann d’Wunneng de Moment kaschten, ouni datt mat deene neie Mesurë géint d’Logements- a Baukris iwwerhaapt Enregistrements- oder Aktkäschten ufalen. Wann een da selwer dra wunne geet.
D’Directrice vum Enregistrement Stella Huber huet e Freideg den Deputéierte vun der Finanzkommissioun Detailer ginn, nodeems de Finanzminister Gilles Roth (CSV) e Mëttwoch mam Depot vum Budget fir d’nächst Joer ugekënnegt hat, d’Enregistrementskäschte géife réckwierkend vum 1. Oktober u wärend néng Méint ëm d’Hallschent erofgesat ginn. D’CSV-Deputéiert Diane Adehm huet nach emol erkläert, datt d’Regierung mat dëser Mesure de Verkaf vun neie Wunnengen, déi nach net gebaut sinn, wëll stimuléieren, déi sougenannte Vefaen (Vente en l’état futur d’achèvement). Dat well d’Zuel vun den Transaktioune bei de bestoende Wunnengen zwar no de Mesurë vum Logementspak, deen am Januar ugekënnegt gouf, an d’Luucht gaangen ass, mee net bei de Vefaen.
Fir Investisseure gëllt d’Mesure just fir Wunnengen, déi nei gebaut ginn
Ma fir Keefer, déi selwer an d’Wunneng eraplënneren, gëllt dës nei Reduktioun vun den Enregistrementskäschten och fir bestoend Wunnengen. An et rentéiert sech op deenen ëm esou méi, well d’Enregistrementsfraisen op d’Valeur dovu berechent ginn, wat scho gebaut ass. Dofir si se bei fäerdegen, existente Wunnenge méi héich, wéi bei Vefaen, wou den Terrain vläicht nach guer net bebaut ass.
Fir Investisseure ginn d’Enregistrementsfraisen dann awer just op de Vefae reduzéiert – do läit de Montant, bei deem de Moment keen Enregistrement ufält bei ronn 560.000 Euro.
Am neie Joer gëtt et fir Investisseure kee bëllegen Akt méi a fir d’Privatleit geet en nees erof
Dës Montanten – 1,1 Milliounen respektiv 2,2 Milliounen Euro fir Privatleit a 560.000 Euro fir Investisseuren - gëllen awer just bis Enn vun dësem Joer, well just bis da gëllt fir Privatleit de bëllegen Akt vu 40.000 Euro a fir Investisseuren, déi d’Wunnenge verlounen, e bëllegen Akt vun 20.000 Euro. Dës Mesure aus dem éischte Logementspak vun der CSV-DP-Regierung leeft den 31. Dezember vun dësem Joer nees aus. Dono gëtt et kee bëllegen Akt méi fir d’Investisseuren a fir Privatleit geet de Montant nees op 30.000 Euro zeréck.
D’Stella Huber huet erkläert, datt bei enger Vente elo als éischt déi reduzéiert Enregistrementskäschte berechent ginn an dann dono gekuckt gëtt, wéi vill den Akt ass.
Keeft beispillsweis en Investisseur (personne physique) e Logement, deen nach fäerdeg muss gebaut ginn, also e VEFA, fir ze verlounen an d'Quote-Part vum Terrain, respektiv dem Deel vun der schonn existenter Constructioun läit bei 800.000 Euro, fale 7 % Enregistrementskäschten, also 56.000 Euro, un.
Keeft den Investisseur de Logement tëscht dem 1. Januar 2025 an dem 30. Juni 2025 da bezilt hie just 50%, also 28.000 Euro a spuert d'Hallschent.
Keeft den Investisseur de Logement, fir ze verlounen, tëscht dem 1. Oktober 2024 an dem 31. Dezember 2024 huet hien zousätzlech 20.000 Euro Steierkredit ze gutt. Den Investisseur muss an deem Fall also just nach 8.000 Euro Enregistrement bezuelen. Hie spuert deemno 48.000 Euro.
D’Leit mussen awer d’Sue virstrecken a kréie se dono rembourséiert, wann d’Konditiounen erfëllt sinn.
Den Dechet fiscal vun 100 Milliounen Euro ass am Budget fir d’nächst Joer net berücksichtegt
Den Dechet fiscal, deen duerch dës Mesure entsteet, gëtt op 100 Milliounen Euro estiméiert. Datt de Staat esou vill Recettë manner wäert hunn, ass am Budget, deen e Mëttwoch an der Chamber deposéiert gouf, nach net berücksichtegt, well se eréischt d’lescht Woch decidéiert gouf.
*Déi Mesuren, déi bis elo geholl goufen, hunn net gewierkt", huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson no der Reunioun e Freideg de Moie festgestallt. "Et gesäit een, datt d’Akte weider erofgaange sinn 2024, trotz enger Embellie, wat d’Zënsen ugeet. An datt déi Steiermesuren, déi geholl goufen, net wierklech gegraff hunn", huet och de Franz Fayot vun der LSAP gemengt. Effektiv ass d'Zuel vun den Akte bis elo dëst Joer am Verglach mat 2023 ëm 0,4 Prozent zeréckgaangen. Bis elo goufen 71 Transaktioune mat engem bëllegen Akt fir Investisseure gemaach. De Käschtepunkt fir den Enregistrement dofir war ronn 1,8 Milliounen Euro, déi manner erakomm sinn.
D'Spriecher vun déi Gréng an LSAP maache sech, wéi de Piratendeputéierte Sven Clement och Suergen, datt hei d’Dier fir Abusen opgemaach gëtt, well net ganz kloer wier, wéini e Projet nach Vefa wier, oder scho fäerdeg a bewunnbar.