De Finanzsecteur soll weider héichgehale ginn
75 Prozent vun alle Recettë vun de Betriber kommen aus dem Finanzsecteur, esou de Minister. Doduerch soll dann och de Sozialstaat ënnerstëtzt ginn.
Et ass eng däitlech Approche, déi de Finanzminister Gilles Roth e Mëttwoch am Live-Interview op der Tëlee vertrueden huet: D'Regierung wëll de Finanzsecteur onbedéngt weider héichhalen.
De Budget, deen an der Chamber presentéiert gouf, gesäit beispillsweis steierlech Moossname vir, fir Talenter unzezéien, virun allem och am Finanzsecteur. Et géing net duergoen, an der Groussregioun ze rekrutéieren, ma et missten och passend Leit vu méi wäit kënnen ugezu ginn. Dat, well den Emploi soss riskéiert, ze stagnéieren, huet de Gilles Roth erkläert. D'Beschäftegung héichhalen, wier awer wichteg, fir dass och Suen an d'Keess vun der Sécurité Sociale abezuelt ginn. "Mir brauchen eng Wirtschaft, déi gestäerkt ass", fir attraktiv Aarbechtsplaze kënnen unzebidden, betount de Finanzminister.
Dem Staatsbudget geet et besser ewéi gefaart gi war an et komme méi Suen eran, ewéi mer der ausginn - dat war ee vun de Constate bei senger Presentatioun an der Chamber. Ma am Interview huet de Gilles Roth präziséiert, dass hien dat zwar net euphoresch géing stëmmen, mee wuel ganz zefridden.
Och de Bausecteur soll gestäerkt ginn
Fir dass dat awer weiderhin esou bleift, soll och de Bausecteur weider ugekuerbelt ginn. D'Logement-Mesuren, déi am Fréijoer geholl goufen, géinge schonn hir Friichte weisen. Ma bei den neie Projeten um Plang, och Vefa genannt, kéint et awer besser sinn. Dowéinst gëllt op Vefaen och fir Investisseuren, dass si nëmmen d'Hallschent vum Enregistrement solle bezuelen. Dës Moossnam ass limitéiert op 9 Méint. Méi laang kéint de Staat net op d'Hallschent vum Enregistrement verzichten, esou de Gilles Roth. Dat hätt soss och en Impakt op de Budget. Ma hien hätt awer léiwer zwou Immobilien, déi gebaut ginn a manner Recetten, ewéi just eng. Bei Immobilien, déi schonn existéieren, gëllt dës Mesure nëmme fir Leit, déi eng Eegentumswunneng sichen.
Op d'Kritik vun der grénger Partei, dass net genuch fir den Ëmweltschutz virgesi wier, seet de Gilles Roth, dass dee Volet der Regierung wichteg wier. Ma et soll mat de Betriber zesumme gekuckt ginn, wéi déi energeetesch Transitioun kann ëmgesat ginn. Dat nämmlecht gëllt fir d'Leit. Et wéilt een net mat der Peitsch vun uewen erof diktéieren.
"Dës Regierung huet geliwwert", betount nach de Gilles Roth. Et wier e Budget, mat deem d'Finanzplaz soll gestäerkt ginn, ma och d'Leit méi dovunner hätten.