Oppositioun kritiséiert Manktem u konkrete Proposen
Vill Sloganen a schéin Zuelen, ma wéineg Neies a Konkretes, sou den allgemengen Echo vun der Oppositioun an enger éischter Reaktioun.
Wéi erwaart, reagéiert d'Oppositiounsbänk mat Kritik op d'Budgetsannoncë vum CSV-Finanzminister Gilles Roth. Déi grouss Annoncë goufen an de Couloire vum Parlament awer vermësst.
Déi Gréng Deputéiert Sam Tanson huet eng gewëssen Iwwerflächlechkeet kritiséiert:
"Ech hat d'Impressioun, ech wär an enger Publicitéitsagence an ech géing lauter Sloganen héiere vun engem, dee wéilt engem Client Slogane verkafen, dee keng nei Projeten ze proposéieren huet. Mir hunn hei immens vill Phrasen héiere vum Här Roth, dat mécht en ëmmer ganz gutt, an dat kann e ganz gutt, mä richteg nei Akzenter hu mer net héieren."
Déi Gréng bedaueren dann och, datt d'Depensen a punkto Klima an Ëmwelt net erop ginn.
D'Sozialiste vermësse Rezepter an der Gesondheetsversuergung, begréissen awer vum Prinzip hier de steierfräien onqualifizéierte Mindestloun. Ausser der Hausse vun den Accisen um Tubak wier awer net vill Konkretes a punkto Recetten annoncéiert ginn, sot d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding:
"Hien huet vu ganz ville Wierder geschwat, fir dëse Budget hei elo ze betitelen. Bon, hien huet ganz am Ufank gesot, dass et bal keen negative Schéier-Effekt méi géif ginn. Dat heescht, dass d'Recetten, d'Depensë jo méi beienee wären. An en huet ganz Villes annoncéiert, wou elo de Budget an d'Luucht geet. Verschiddenes, wat och ganz interessant ass, wat een duerchaus ka begréissen. En huet awer net wierklech gesot lo, wou en dann d'Recettë siche geet, respektiv en et wëll finanzéieren, ausser, dass elo den Tubak soll méi deier hei ginn."
Fir déi Lénk ass de Budget e Wierbelstuerm u Banalitéiten a falsche Léisungen. De steierfräie Mindestloun wier eng Fal, dës Mesure géing vun der Gesellschaft bezuelt ginn an net vun de Patronen, sou de lénke Parlamentarier David Wagner:
"Déi Steierbefreiung vum Mindestloun, dat gëtt vun eis bezuelt. D'Patronat gëtt entlaascht a Wierklechkeet. An de Mindestlounempfänger, duerch déi Steierbefreiung, deem wäert et och net eendeiteg besser goen. Dat heescht, dat ass u sech e Fuddelpak."
De Piraten-Deputéierte Sven Clement stellt fest, datt mat de Grafiken Zuele solle schéi geschwat ginn. Et géing eng verstoppte Mouk opgebaut ginn, fir déi nächst Jore mat positiven Annoncen ze iwwerraschen:
"Et muss een natierlech och feststellen, datt hei ganz oft Annoncë gemaach ginn iwwer Montanten iwwer véier Joer, a mir wëssen aus der Vergaangenheet, wann d' Regierung seet, mir gi sechs Milliarden aus, mir gi véier Milliarden aus, datt déi heefeg net ofgeruff ginn zum Schluss an, datt een domadder u sech eng verstoppte Mouk fir déi nächst Joren u sech opbaut."
Den ADR-Deputéierte Fred Keup sot, hien hätt seele sou eppes erlieft. D'Regierung wier iwwerfuerdert a géing ëmmer nëmme weider op de Wuesstem setzen.
"Sou, dass mer hei am Fong eng Regierung hunn, déi net hannendru kënnt, déi iwwerfuerdert ass mat den Erausfuerderungen, déi eist Land kennt, an absolutt net capabel ass, dat ze meeschteren an ëmmer nëmme weider setzt op de katastrophale Massewuesstem."
Eng ganz aner Klack kënnt natierlech vun de Majoritéitsfraktiounen. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz begréisst grouss Depensen am Beräich Sozialpolitik. Änlech Constate mécht den DP-Fraktiounschef Gilles Baum a verweist op d'Energie-Primm oder nach op de steierfräie Mindestloun.