Mam Finanzminister Gilles Roth iwwert de Budget fir 2025
En Donneschdeg de Moie war de Finanzminister Gilles Roth bei eis am Studio fir d'Emissioun "Dir hutt d'Wuert".
Wat genee kënnt elo op d’Steierklass 1a duer?
1a doranner fale souwuel Monoparentauxe wéi och Wittfraen- a Wittmänner a Jonggesellen iwwer 65 Joer. Vum 1 Januar 2025 u ginn all déi Leit steierlech entlaascht. E Beispill: eng Persoun, déi 5.000 Euro Brutto Pensioun huet, bezilt dann 2.800 Euro Steiere manner iwwer dat ganzt Joer. Elengerzéiend Eltere kréien iwwerdeems iwwer de Crédit d’impôt monoparentale nach eppes derbäi. Mat engem Brutto-Loun vu 5.000 Euro de Mount kënne si iwwer dat ganzt Joer vu bis zu 3.800 Euro Steiererliichterunge profitéieren.
Den onqualifizéiert Mindestloun gëtt vum 1. Januar u steierfräi. Wei ass dat mat de Pensiounen?
Den onqualifizéierte Mindestloun gëtt effektiv vum 1. Januar u steierfräi an dat gëtt gereegelt mat engem Steierkredit. Wann een den onqualifizéierte Mindestloun kritt an et ass een an der Steierklass 2 oder 1a, da bezilt een an der Reegel haut scho keng Steiere méi. An der Steierklass 1 muss een awer nach bezuelen. Dat soll sech also änneren. Wat d’Mindestpensioun ugeet, do misst ee kucken, wéi vill Steieren iwwerhaapt nach ufalen nom Ofzuch vun eventuell méiglechen Dépenses spéciales. Aktuell géingen Etüden doriwwer gemaach ginn an eventuell misst een dann do nobesseren, gëtt de Finanzminister zou.
Steiererliichterung fir elengerzéiend Elteren: wann d’Kanner hallef bei engem Elterendeel an hallef bei dem anere sinn. Do kritt just een Elterendeel Steiererliichterungen. Wat maache géint déi Ongerechtegkeet?
E Problem mat dem och schonn déi viregt Regierung beschäftegt war. Fréier gouf d’Kannergeld einfach gespléckt, wann et eng Garde alternée gouf. Déi viregt Regierung hat dunn e Gesetzesprojet agereecht, fir dat ze reegelen, mee de Staatsrot hat seng Bedenke geäussert. An do géing een elo versichen nozebesseren, erkläert de Gilles Roth. Aktuell hätt d’Steierverwaltung eng pragmatesch Approche. De Benefice vun der Steierklass 1a geet elo nämlech bei deen, dee fir d’lescht Kannergeld krut. Ideal wier et eigentlech, wa béid Partner sech ënnerteneen eens wieren, mee an der Realitéit wier dat jo och dacks net de Fall. E Gesetzprojet, fir dorun eppes ze änneren, géing aktuell schonn der Chamber virleien.
Wat ass mat de Jonggesellen a Jonggesellinnen? Firwat gëtt et fir si keng Steiererliichterungen?
Mëtt Dezember misst parallel zum Budget och e Gesetzprojet gestëmmt ginn, mat dem d’Jonggesellen an d’Jonggesellinnen dierften eng Verännerung spieren. Da mussen nämlech all déi aner Leit aus der Steierklass 1a vum 1. Januar 2025 u manner Steiere bezuelen. Mat 5.000 Euro Brutto-Gehalt musse si iwwer d’Joer gekuckt, 2.800 Euro manner Steiere bezuelen, dat sinn also bal 250 Euro netto méi an der Täsch pro Mount. Donieft géing d’Steiertabell den Ament och un d’Inflatioun ugepasst ginn. Dat ëm 2,5 Indextranchen. Dat geet bis zu 1.000 Euro iwwer d’Joer.
Logement: Wäert d’Besteierung op d’Plus-value vun enger Vente, déi jo vun 20 op 10 Prozent reduzéiert gouf, den 31. Dezember verlängert ginn?
Nee dat geet net, well d’Gesetz gouf esou gestëmmt. Bis d’Enn vum Joer bleift de Gewënn vun 10 Prozent, mee duerno leeft d’Mesure aus.
Wéini sinn d’Ministere solidaresch mat de normale Steierzueler? D’Leit ginn zu 100 Prozent op hirem Akommes besteiert? Bei de Ministeren an den Deputéierten ass dat net de Fall.
Virun 30-35 Joer gouf festgehalen, dass d’Paie vu Ministeren, Deputéierten a Membere vum Staatsrot net voll besteiert ginn. Mee et géing een och e gudden Deel vun de Steiere bezuelen. Méi wollt de Finanzminister dozou net soen.
Solidaritéit: Wa Steiererliichterunge fir déi privat Leit kommen, kommen der och fir d’Betriber. D'Betriber ginn awer däitlech manner besteiert wéi privat Leit. Ass dat gerecht?
D’Land misst och Suen erakréien an dofir bräicht et eng staark Wirtschaft, besonnesch e klengt Land wéi Lëtzebuerg. Dofir misst een attraktiv bleiwen an een Attraktivitéitsfacteur wier eis Finanzplaz. Déi dréit bis zu 75 Prozent vum gesamten Opkommes vun der Betribssteier bäi, erkläert de Finanzminister. Do misst een e gesonden Equiliber fannen tëscht Steiergerechtegkeet an dofir ze suergen, dass Betriber op der Finanzplaz hei bleiwen.
"Jo mir féieren ab dem nächsten Joer d’Betribssteier ëm 1 Prozent erof", mee dat géing ee maachen, fir duerno an der Moyenne ze leie vun der OECD. Dat misst ee maachen, fir attraktiv ze bleiwen. Attraktiv Wirtschaft wier gläichzesetze mat neien Aarbechtsplazen, déi ee géing schafen. An de Geschäftsmodell géing duerno d’Solidaritéit finanzéieren, also déi 47 Prozent vun den Ausgabe vum Staat, déi a Solidaritéitsmesurë ginn.
D’Duebel-Besteierung vun de Frontalieren: Wat ass d’Regierung gewëllt ze maachen, fir deene Leit ënner d’Äerm ze gräifen?
Dat huet an der Ouschtervakanz effektiv fir vill Kappzerbrieches gesuergt, gëtt de Finanzminister zou. Deen Ament hat Däitschland decidéiert, fir d’Iwwerstonne vun de Leit am Privatsecteur ze besteieren. D’Frontaliere sinn immens wichteg fir d’Lëtzebuerger Ekonomie an dofir hat een am Juli eng Steiermesure virgesinn, déi nach muss vun der Chamber approuvéiert ginn. Wann déi Leit elo effektiv géingen dorop besteiert ginn an dat noweise kënnen, da kënne fir si verschidde Steier-Deductioune spillen. Dëse Steierkredit ka bis zu 700 Euro pro Joer oder 50 Euro de Mount héich sinn.
Firwat d’Kapital net méi besteieren?
Et gëtt eng Kapitalbesteierung, nämlech d’Verméigenssteier (impôt sur la fortune) an den Impôt sur les capitaux, also Dividenden, déi besteiert ginn. Zanter 2005 gouf d’Verméigenssteier fir Privatleit zu Lëtzebuerg komplett ofgeschaaft. Dofir bezuele Privatleit keng Verméigenssteier, just d’Betriber. An doduerch komme wäit iwwer 1 Milliard Euro pro Joer eran an duerch d’Kapitalbesteierung op den Dividende komme 700-800 Milliounen Euro eran. Donieft géif et och nach eng Taxe d’abonnement gi fir d’Fongen, wou och all Joer wäit iwwer 1 Milliard erakënnt. D’Betriber géingen also nieft der Kierperschaftssteier, an der Gewerbesteier och nach d’Kapitalbesteierung an d’Verméigenssteier droen an domadder wesentlech zum Räichtum vum Land bäidroen, erkläert de Gilles Roth.
"Dir hutt d'Wuert" vun 8.00 Auer un. Schéckt eis Är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis e Mëttwoch de Moien op den 1330.