D'Police hat nawell vill ze dinn um leschte Weekend. Et gouf gedronk, sech zerklappt an et waren och Onéierlecher ënnerwee.

Ugefaangen e Samschdeg de Moien am Garer Quartier. Do huet d'Police e blesséierte Mann gemellt kritt. Wuel duerch eng Kläpperei an engem Café. Op der gemellter Plaz huet eng Patrull d'Affer dunn och virfonnt an an d'Spidol bruecht. Ermëttlunge goufe lancéiert.

Da koum et e Samschdeg den Owend zu engem Sträit tëscht zwou Persounen op engem Fest zu Veianen. Hei gi keng Detailer vun der Police genannt, ausser, dass ermëttelt gëtt.

Géint 21 Auer dann e weidere Sträit, dës Kéier zu e puer méi an der Rue Docteur Klein zu Ettelbréck. Eng Policepatrull op der Plaz huet festgestallt, dass e Grupp Männer sech an d'Hoer kritt hat. Hei gouf protokolléiert.

Abréch zu Gaasperech an zu Wolz

An de leschte Stonne gouf op e puer Plazen am Land agebrach. E Samschdeg de Moien zum Beispill an ee Gaardenhaischen an der Rue François Hogenberg zu Gaasperech. Hei gouf Alkohol geklaut.

Dee selwechte Moie ware wärend engem Abroch an e Wunngebai an der Rue Michel Thilges zu Wolz direkt e puer Wunnengen duerchsicht ginn. Hei konnt d'Police de presuméierten Täter nach op der Plaz stellen an déi geklaute Saache goufen net wäit ewech entdeckt. Och hei gouf protokolléiert.