Nach ass de Satellittenoperateur SES de Leader an deem Beräich. Mä d‘Konkurrenz schléift net an neier kënnt dobäi.

D‘Lëtzebuerger Entreprise mat Sëtz zu Betzder ass matzen an enger Course ëm Innovatioun a Service um Client. IntelSat gouf opkaaft. Elo si Changementer néideg, heescht et vun der Direktioun, an déi wäerten och en Impakt op de Standuert Lëtzebuerg hunn.
 
Den Direkter Adel Al-Saleh ass komm, fir d‘SES ze moderniséieren, ze vergréisseren, ëmzestrukturéieren. Wierder aus dem Managament-Beräich, déi een hei am Land iwwer ee vun de wichtegste Betriber net schrecklech gär héiert. Mä, esou den Adel Al-Saleh, Direkter vun der SES:
 
"Mir sinn eng Lëtzebuerger Entreprise. Mir hunn eise Siège hei an immens talentéiert Leit. Et wäerte Changementer kommen. Mee de Siège wäert hei bleiwen. Et wäerten och ëmmer vill Mataarbechter hei fir eis schaffen."
 
Dat sinn aktuell ronn 600 Leit. Ma de CEO ass kloer: "Mir mussen eis Kompetenze verbesseren. Eis Leit musse sech iwwerleeën, wéi si professionell evoluéiere kënnen. Verschidde Beruffer wäerte vläicht plënnere mussen.“
 
Zum Beispill an Indien. Dat war och schonn Thema vun enger parlamentarescher Fro aus de Reie vun der LSAP. De Staat – wichtegen Aktionär bei der SES - huet geäntwert, si géif net iwwer der Firma hir Pläng kommunizéieren. Den Direkter Adel Al-Saleh léisst sech och net an d‘Kaarte kucken, wéi vill Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg verluer ginn, oder a wéi enger Form och ëmmer si vu Changementer concernéiert wäerte sinn:
 
"Et ass ze fréi fir dat ze soen. Mir si matzen an den Consultatioune mat eisen Personaldelegéierten an de Gewerkschafte fir ze kucken, wat gemaach ka ginn. Mä mir sinn als Entreprise bekannt dofir, dass mir Saachen an enger sozial responsabeler Manéier maachen. D‘Mataarbechter kréien nei Opportunitéiten oder Formatiounen. Mir hunn och e Programm fir Fréipensiounen.“
 
Ouni Transformatioun kéint een den Uschloss verléieren. Starlink a SpaceX vum Elon Musk, Kuiper vum Amazon-Chef Jeff Bezos – si hunn innovativ Kommunikatiounsléisungen an aner Präisser. Déi méi traditionell SES gëtt net op, dat beweist och de rezente Kaf vun IntelSat.

An dann ass et kee Geheimnis, dass eng Aktivitéit vum Satellittenoperateur den Ament vläicht nach méi wichteg ass wéi soss. "D'Verdeedegung ass op Satellitten ugewisen. Net nëmme wärend dem Krich mee och fir Ofschreckung, Protektioun a Sécherheet. Dofir spille mir eng wichteg Roll mat villen Defenseministere ronderëm d‘Welt.“ Awer net mat Länner, déi op der Embargo-Lëscht vun de westlechen Alliéierte stéingen.