Leschte Méindeg wollt den Europadeputéierte Fernand Kartheiser am Europaparlament eng Ried op Lëtzebuergesch halen. Dee Versuch ass gescheitert.

De Luc Frieden hat e Freideg Stellung geholl iwwer d'Lëtzebuergesch als EU-Sprooch. D'Regierung wier extreem attachéiert un der Lëtzebuerger Sprooch, sot de Lëtzebuerger Premier um Pressebriefing nom Regierungsrot.

"D'Lëtzebuerger Sprooch gehéiert och net enger Partei. Et ass d'Sprooch vun eis Lëtzebuerger. An dofir steet se och an eiser Verfassung an dofir gebrauche mir se och." 

D'Méisproochegkeet wier awer och eng Stäerkt vun eisem Land. Wéilt een am Ausland senger Stëmm Gehéier verschafen, misst ee sech an enger Sprooch ausdrécken, déi verstane géif.

"Mir mengen, datt et schwiereg wier an och net bezuelbar an ëmsetzbar wier, datt een an den europäeschen Institutioune géif verlaangen, datt alles géif mëndlech oder och schrëftlech géif iwwersat ginn. Dat gesi mer als net realistesch un."
 
Fir eis Sprooch um nationalen an europäeschen Niveau ze stäerken, hätt d'Regierung zanter e Freideg en interministerielle Kommitee agesat. Dëse soll de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch beim Lëtzebuerger Aktiounsplang ënnerstëtzen. Dat wier awer och geplangt gewiescht.

D'Regierung géif awer kucken, ob een deene Leit hëllefe kéint, déi Bréiwer un d’EU Kommissioun wéilte schécken awer kee Franséisch oder Däitsch schwätze kéinten.   

Réckbléck op verschidden Initiativen

Als "Zirkusnummer" hu verschidde Lëtzebuerger Europadeputéiert dem adr-Politiker Fernand Kartheiser säi Versuch bezeechent, seng Ried am Europaparlament op Lëtzebuergesch ze halen. No e puer Wieder krut den Europadeputéierte, wéi ze erwaarden, de Mikro ausgeschalt, well Lëtzebuergesch zu Bréissel net als eng vun den offiziellen EU-Sprooche gëllt. Genee dat fuerdert d'adr awer. A positionéiert sech domadder als Verfechter vun eiser Sprooch.

Manner Mediewierksam, well op Franséisch, huet d'CSV-Politikerin Erna Hennicot-Schoepges sech am Oktober 2005, also viru genee 19 Joer schonn am Europaparlament un d'Plenière geriicht.

"Lëtzebuergesch ass zanter 1984 eis Nationalsprooch. D'Unerkennung vum Lëtzebuergesche misst ëmsou méi ervirgehuewe ginn, well vill Leit net wëssen, datt mir eis eege Sprooch hunn. Fir där hiren Erhalt mir ënner der Nazi-Besatzung ferm ënnerdréckt goufen."

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet 2016 um Radio ervirgehuewen, Lëtzebuergesch wier déi eenzeg Nationalsprooch, déi net offiziell als EU-Sprooch unerkannt wier. Hien a seng Ministerkolleege géifen op de Conseilen och an den anere Sprooche gutt zu Wee kommen.
 
"Trotzdeem setze mer eis e bëssen erof op den Niveau vun enger Regionalsprooch oder vun enger minoritärer Sprooch, wat Lëtzebuergesch jo awer zanter 1984 net ass. Dofir sollt een dat och der Realitéit upassen. Ouni, dass elo Säiten a Säiten onnëtz mussen iwwersat ginn."
 
Op der Erna Hennicot Schoepges hir Initiativ ugeschwat, sot de Fernand Kartheiser e Samschdeg an der RTL-Emissioun "Background am Gespréich", hie géif deen Historique net kennen. Den adr-Politiker huet och seng eegen Ausso am Europaparlament relativéiert.
 
"Ech froen net, datt Lëtzebuergesch eng offiziell Sprooch gëtt. Ech mengen d'Madamm Hennicot ass do méi wäit gaange wéi ech. Ech sinn do ganz pragmatesch am Abléck. Ech sichen no Léisungen, déi ze realiséiere sinn, déi och relativ liicht ze maache sinn an net ze deier ze maache sinn als éischte Schrëtt."
 
Hie wéilt, datt Lëtzebuergesch am Europaparlament kéint geschwat ginn. D'Europaparlament ass déi falsch Plaz fir esou Ufroen, d'Regierung ass hei zoustänneg, esou d'Konter vun den anere Lëtzebuerger Europadeputéiert. Kritiséiert gouf och, datt d'Ëmsetzung vum Lëtzebuergeschen als offiziell Amtssprooch 40 Milliounen Euro d'Joer kaschte géif. Vill Suen, déi an dësen Zäite besser anzwousch anescht investéiert wieren, där Meenung ass déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

"Ëm wat geet et am Fong? Et geet jo am Fong drëm, wann ee kéint, oder dat gär elo géif maachen, wat den Här Kartheiser wëllt, Rieden op Lëtzebuergesch. Wat mer gär hätten, dat ass, datt d'Leit sech fir Europapolitik méi interesséieren. Ech weess net, ob iergendeen eis géif méi zu spéider Stonn, wou Der do geschwat hutt, géif suivéieren, wann dat elo op Lëtzebuergesch wär."