Schaarf Kritik vu Lëtzebuerger EU-Deputéierten un der Ursula von der Leyen
E Samschdeg waren d'Tilly Metz, de Marc Angel, de Charel Goerens an de Fernand Kartheiser eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Schaarf Kritik e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert un der Kommissiounspresident Ursula von der Leyen an hirer Zesummesetzung vun der neier Kommissioun. De Charles Goerens vun der DP, d’Tilly Metz vun déi Gréng an de Marc Angel vun der LSAP hunn zouginn, datt et hinnen an tëscht Leed deet, fir d’von der Leyen gestëmmt ze hunn. Si hätt wuel Qualitéiten, mee se wéilt elo weisen, wien d’Box unhätt an d’Fiedem zeien, sou d’Kritik.
De Marc Angel huet ënnerstrach, datt d’Kommissiounspresidentin de Prinzip vun de Spëtzekandidaten net respektéiert hätt an datt d’Portefeuillë vun de Kommissäre komplett ausernee gerappt gi wier, sou datt kee méi weist, wat e kéint an dierft maachen. Dat wier hir Strategie, fir datt si um Enn Decisioune kéint huelen.
D’Tilly Metz sot, si géif sech bedru fillen an datt weder den Term “gréng” nach “sozial” an den Titele vun de Kommissäre virkéim. Angscht géif hir maachen, datt een zréck zu national-Egoisme kéim, an dat an enger Zäit, wou ee méi Europa bräicht. Souwuel déi Gréng Europadeputéiert wéi de Marc Angel vun der LSAP hunn ënnerstrach, datt et e kompletten No-Go wier, datt de Konservative Raffaele Fitto Vize-Kommissär soll ginn.
Den ADR Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet betount, datt d’grouss Angscht vun de Gréngen, de Sozialisten an zum Deel och de Liberale wier, datt et zu engem Koalitiounswiessel kéim an dat si op eemol an der Oppositioun wieren.
"Feeler aus der Vergaangenheet si mat Schold un den aktuelle Konflikter"
Den DP-Europadeputéierte Charel Goerens, dee schonn 30 Joer am Europaparlament sëtzt, schwätz am Kontext vum Konflikt am Noen Osten am Krich an der Ukrain vu ganz schlëmmen Zäiten, déi sech weider zouspëtzen. An dat wier d’Resultat vu Versäumnisser aus der Vergaangenheet, mengt de Charel Goerens. D’Europäesch Unioun wier net vun der Netanjahu-Regierung gehéiert ginn an d’USA hätt am Noen Osten ëmmer d’Soe gehat. Den Echec wier, datt d’EU net mat den Amerikaner an deenen aus der arabescher Liga, déi verstänneg sinn, eng Koalitioun geschaf hätt, fir déi d’Responsabel vu souwuel de Palästinenser wéi den Israeeli ze stäerken. Domat hätt ee kënne Stabilitéit kréien, sot den DP-Europadeputéierten nach. Hien huet iwwerdeems bedauert, datt duerch de Prinzip vun der Eestëmmegkeet am Europaparlament keng Resolutioun méiglech ass.
Wat d’Ukrain betrëfft wier dat méi einfach. Et wier kloer, datt een d’Ukrain weider ënnerstëtze misst, och mat Waffen huet d’Tilly Metz betount. Eng diplomatesch Léisung wier och wichteg, mee manner evident. Deem huet den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser widdersprach. An sengen Aen ass a béide Konflikter just den diplomatesche Wee d’Léisung. Ugeschwat op d’Warnung vun ënnert anerem däitsche Geheimdéngschter, datt Russland an e puer Joer prett wier, fir Nato-Territoiren z’attackéieren, mengt de Fernand Kartheiser, datt dat keng Gefor wier.
Hie wier net nativ huet en ënnerstrach, ma just den Dialog géif zu engem Fortschrëtt féieren.
“De rietsextremen Narrativ gëtt vu villen iwwerholl.”
Weidere Sujet am Background waren d’Migratioun an d’Mesurë géint illegal Migratioun a géint déi Leit, déi heibleiwen, obwuel se keen Asyl kruten. D’Zuele vun der illegaler Migratioun wiere réckleefeg an awer nach extreem héich, sot de Fernand Kartheiser. Seng Partei wéilt keng “Festung Europa”, mee et wéilt ee keng illegal irregulär Migratioun. Déi schaarf Wieder vum däitsche sozialistesche Kanzler Olaf Scholz um EU-Sommet iwwert Baussekontrolle wiere skandaléis, huet den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel betount. Hien hätt sech vu rietsextreme Parteien dreiwe gelooss an dat wier kloer déi falsch Richtung. Amplaz Milliounen a Maueren an Drot z’investéieren, misst op Integratiounspolitik gesat an an d’Mënschen investéiert ginn. Och de Charel Goerens bedauert, datt de Bléck vu rietsextreme Parteien agëenkt gi wier. Hien huet iwwerdeems drun erënnert, datt d’internationaalt Séi-Recht jiddereen obligéiert, de Leit, déi a Séinout sinn, ze hëllefen.
Lëtzebuerger Sprooch am Europaparlament net evident ëmzesetzen
Nodeems de Fernand Kartheiser uganks der Woch an der Plenière vum Europaparlament op Lëtzebuergesch geschwat huet, ass et am Background och ëm dee Sujet gaangen. Dem ADR-Europadeputéierten no wier et méiglech datt dat an Zukunft méiglech wier, zum Beispill andeems een den Text am Viraus zur Verfügung stellt an dann op Basis dovun iwwersat ginn. De Marc Angel vun der LSAP huet allerdéngs ze bedenke ginn, datt een net garantéiere kéint, datt dat, wat dono geschwat gëtt, och dat ass, wat een am Viraus ofginn huet. Fir de Charel Goerens vun der DP ass de Sujet ganz komplex. Et wier un den Interpreten ze kontrolléieren, ob dat wat um Pabeier steet och tatsächlech gesot gëtt. Fir dat ze erméiglechen, misst an all Kabinn aus där iwwersat gëtt – an ëmmerhin 23 Sproochen – ee sëtzen, dee Lëtzebuergesch schwätzt.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.