"Vulkaner sinn den Otem vun der Äerd"
De Romain Meyer ass Geochemiker vu Beruff a schafft zu Bartreng als Geolog bei der Stroossebauverwaltung.
Gebierteg vu Beetebuerg huet hien no der Première am «Arts et métiers» zu Jena Vulkanologie studéiert. Dat war 1996. Fir den Doktertitel goung et dunn op Louvain.
"Als Geolog interesséiert ee sech entweder fir Dinosaurier oder Vulkaner"
Duerch seng Elteren huet de Romain Meyer d’Interessi fir Vulkaner entdeckt. Als Kand goufe vill Tier duerch d’Eifel organiséiert. Iwwert dem Spazéieregoen huet säi Papp dacks gesot, «dës Séien a Maaren si Vulkaner». Dat ass dem deemools jonke Borscht, 1976 ass de Romain op d’Welt komm, abstrakt virkomm. «Duerno si mir awer och nach aner Strukturen eis ukucke gaangen, wou ee gemierkt huet, dass do eppes Dynamesches ofgelaf ass». Sou de Romain Meyer weider. «De Volet Fossilien an Dinosaurier ass net mäi Beräich. Dobäi kennt, dass den Eifelvulkanismus vill méi jonk ass ewéi Dinosaurier». Dëst erzielt mir de Geochemiker am RTL-Interview.
"Zu Tréier ass e Vulkan"
Dëse Vulkan ass ënnert dem Haaptgebai vun der Uni Tréier fonnt ginn, wéi op där Plaz Buerungen duerchgefouert goufen. Dëst ass dee rezentste Vulkan, dee beschriwwe gouf. Dëst erzielt mir de Romain Meyer an dobäi stralen seng A vu Begeeschterung.
D’Vulkanäifel besteet aus zwou risege Vulkanregiounen. Ost a West. Fir Geologen eng spannend Géigend. «Bannent de leschte Millioune Joer goufen et hei ganz staark Eruptiounen». Et wär awer net genau gewosst, firwat do de Vulkanismus ass.
E Vulkan zu Lëtzebuerg?
Jo, et ass net ganz onméiglech, dass et och e Vulkan an eisem Land gëtt. Méi genee zu Bäerdref. Mat der Uni Mons lafen ablécklech do weider Fuerschungen. Mataarbechter vum Unesco Geopark Mëllerdall hu mam Romain Meyer Kontakt opgeholl gehat, fir de Geochemiker op hire Fundus opmierksam ze maachen. Si hätten eng Struktur bei Bäerdref entdeckt, bei där et sech net géif ëm en einfachen Hangrutsch handelen. Dobäi wär d’Form och oval. Dat huet fir de Romain Meyer ewéi Musek an den Ouere geklongen.

Zu Bäerdref bei de Kletterfielsen soll et dëse Vulkan ginn. Fir Sécherheet ze kréien, brauch et weider Etuden an eng Buerung.
«Bis elo war alles fokusséiert ronderëm d’Eifel». Esou de Vulkanolog an eisem Gespréich. Dowéinst wär Bäerdref aus geologescher Sicht extrem interessant an eng grouss Observatioun.

"De Vulkan ass den Otem vun der Äerd"
«Sou laang et Vulkaner ginn, funktionéiert et. Sou laang ass eise Planéit a Beweegung. Sou verännert hie sech.» Dëst erkläert mir de Romain Meyer. Wär dat eemol eriwwer, wär eise Planéit dout. Sou änlech ewéi de Mound. Deen Ament kéint kee Mënsch oder anert Liewewiesen op der Äerd existéieren. Sou de Geo- a Vulkanolog weider.
"D’Fra iwwer de Basket kennegeléiert"
Christina heescht d’Fra vum Romain Meyer. Zesummen huet d’Koppel e Meedchen. D’Edna. Déi jonk Fra huet 18 Joer an ass aktuell op der Première.
Zu Jena hu sech d’Christina an de Romain kennegeléiert. Si huet deemools als Basketballspillerin an der 2. Bundesliga en Transfert vun Hannover op Jena gemaach. De Romain Meyer war Trainer vun der USV Jena. «Meng bescht Spillerin war du bemol net méi meng Spillerin, well si du gesot huet, ënnert mir géif si net spillen». Dëst kréien ech mat engem grousse Grinsen am Gesiicht erzielt. Soziologie huet dem Romain Meyer seng Madamm an Ostdäitschland studéiert.
Zu Lëtzebuerg war de gebiertege Beetebuerger och mam Basket verwuerzelt. Hei war hien Assistant Coach ënnert dem Doug Marty bei den U16-Meedercher. Iwwert seng Fra ass de ganz sympathesche «Ponts et Chaussées»-Mataarbechter beim Äisschnelllaf gelant. Hei ass hien elo Sekretär vun der Federatioun vun den Äissportaarten. E flotten Ausgläich zum Beruff an der Passioun fir d’Vulkaner.
"Massachusetts Institute of Technology, kuerz MIT"
Dës Héichschoul ass e wichtegen Fuerschungszenter an den USA. Hei huet de Lëtzebuerger wärend iwwer 2 Joer geschafft. Hei huet de Romain Meyer Versich duerchgefouert, fir erauszefanne bei wat fir engen Temperaturen d’Magma, also dat flëssegst Gestengs, ufänkt mat schmëlzen. «D’Leit mengen ëmmer ënnert der Äerdkrust, dat wär alles eng Schmelz. Au contraire! Dat ass alles fest.» Sou de Vulkanspezialist am RTL-Interview.
"Op deene schéine Plazen op der Äerd ginn et Vulkaner"
Voller Begeeschterung erzielt de Lëtzebuerger Vulkanolog mir dëst an zielt déi Plazen op, wou et interessant Vulkaner ginn. Vum Nord- Ostatlantik, also Island, iwwer eng kleng Insel a Norwegen: Jan Mayen,. Hawaii wär en natierleche Labo fir Vulkaner. Och d’Ile de la Réunion a Süditalien wäre weider interessant Vulkanregiounen. Dat selwecht gelt fir d’Inselen, déi am Atlantik leien. Vu Portugal bis Spuenien mat de Kanareschen Inselen.
De Romain Meyer interesséiert sech och fir d’Geothermie. E Begrëff, dee jo ëmmer méi dacks opkënnt, wa riets geet vun neie Wunnquartieren, déi solle gebaut ginn. Virun allem am Süde vum Land. Viru kuerzem goufen och Tester am Minett duerchgefouert fir erauszefannen, wéi gutt et méiglech wär, dës nei Quartieren op den ale Frichë vun der Schmelz ze hëtzen, respektiv ze killen.
De Romain Mayer war an der Vergaangenheet och schonn an der Emissioun "Pisa" zu Besuch, an huet do ënnert anerem erkläert, firwat de Rosport spruddeleg ass. D'Emissioun dozou fannt Dir hei.