Vu Mutzen, Schaler, Händchen, Wanterjacketten, Wanterschong bis Rucksäck oder Smartphonë gëtt alles gebraucht fir Leit an Nout.

Wien hëllefe wëll, ka seng Spend de 10. November am Atelier maachen. Tëscht 10 a 15 Auer ass dofir en Drop-off organiséiert.

Et gi just geziilt déi Saache gesammelt, déi um Flyer ze gesi sinn. Wien deen Dag net an den Atelier komme kann, kann am Virfeld ufroen, datt d'Géigestänn schonn éischter ofliwweren ze kënnen.

RTL

© Atelier